Alkohol macht schöner

shotshop.com

Funktionéiert "schéindrénken"?

Wann een op enger Party eng Bekanntschaft mécht, déi zwar ganz fein ass, awer vläicht net sou gutt ausgesäit, kann ee sech se einfach "schéin drénken". Wat ass un dësem als Witz gemengte Rot drun? Mécht den eegenen Alkoholkonsum aner Leit wierklech méi attraktiv? A firwat?

Eng Rei Fuerscher hu probéiert, deem op de Grond ze goen - a koumen zu ënnerschiddleche Resultater. Zwee Wëssenschaftler aus den USA hunn déi 16 Etüde méi genau ënnert d'Lupp geholl. Hire Fazit: "Schéindrénken" funktionéiert tatsächlech. No engem oder zwee Glieser Béier oder Wäin kommen eis aner Leit - wéinstens e bëssen - méi attraktiv vir. An net nëmmen dat: et gewënnt een duerch d'Drénken och selwer un Unzéiungskraaft.

Firwat ass dat dann esou?

Et läit net just un der relaxer Stëmmung an déi een duerch den Alkohol kënnt. D'Symmetrie vun där anerer Persoun hirem Gesiicht schéngt och eng wichteg Roll ze spillen. Psychologesch Etüde beweisen, datt Leit mat méi spigelbildlechen – also symmetreschen - Gesiichtshalschente besonnesch schéin eriwwerkommen. Aner Etüde weisen, datt d'Fäegkeet Ënnerscheeder tëscht der lénkser an der rietser Gesiichtshalschent wouer ze huelen mam Alkoholkonsum ofhëlt. Eng Persoun mat engem manner harmonesche Gesiicht erschéngt da méi gläichméisseg - an doduerch méi attraktiv.

A wouduerch wiisst déi eegen Attraktivitéit?

Warscheinlech duerch eng méi entspaanten Haltung a Verännerunge vun der Haut. Den Alkohol suergt fir eng méi staark Duerchbluddung, wouduerch d'Haut liicht rout gëtt. Sou kritt ee méi e frëschen Teint, an et gesäit een zumindest kuerzfristeg méi gesond aus - an dat ass attraktiv, mengen d'Psychologen.

Wat ech also méi drénken, wat alles ronderëm mech méi schéi gëtt?

Wuel kaum. Wann den Alkoholpeegel iwwert eng gewësse Mooss klëmmt, verflitt den Effekt.

Gëtt et Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter?

Des Effekter triede souwuel bei Männer wéi bei Fraen op. E puer Etüde weisen ausserdeem drop hin, datt Alkohol net nëmmen dat anert Geschlecht méi attraktiv mécht, mee och Persoune vum eegene Geschlecht.

Wat mécht schéin?

„Wéi eng äusserlech Eegenschaften déngen als Mooss fir Schéinheet?", froe sech Wëssenschaftler aus ënnerschiddlechen Disziplinnen. Kloer schéngt, datt d'Reaktioun op bestëmmte Reizer genetesch bedéngt ass. Scho Puppelcher ënnerscheeden tëscht Gesiichter, déi hinne gutt oder manner gutt gefalen. D'Critèren dofir sinn déi selwecht, déi och Erwuessener onbewosst uwenden, wa si d'Attraktivitéit vun anere Leit bewäerten. Ee wichtege Punkt ass d'Haut: Wat si méi glat a reng ass, wat d'Persoun méi schéin eriwwer kënnt. Och d'Symmetrie vum Gesiicht ass e gudden Indicateur fir tëschemënschlech Unzéiungskraaft. A fir méi schéin ze wierke, muss e Gesiicht "duerchschnëttlech" sinn. Extrem Eegenschaften, déi nëmme wéineg Leit hunn, wéi z.B. eng laang Nues, schmuel Lëpsen oder grouss Oueren, maachen een anscheinend manner attraktiv. Bei Fraen zielen och nach kannereg Gesiichtszich a bei Männer d'Kierpergréisst.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR