AdobeStock/Rawpixel.com
Momentan gibt es viele scheinbar verlockende Sonderangebote in Geschäften und auch online.
Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)
Mr Science, firwat fält et ville Leit um Black Friday schwéier, speziellen Offeren ze widderstoen?
Well mir beim Kafen net nëmme rationell decidéieren. Dat maache sech Händler zu Notzen. Op der Internetsäit steet: Nëmmen nach e puer Exemplaren op Lager – a vill anerer interesséiere sech grad dofir. Oder: Bis elo huet d'Posch 100 Euro kascht. Elo kascht se der just nach 50! De méi héije Präis setzt en Anker am Kapp – an op eemol kënnt d'Posch eis wéi e Schnäppche vir. Esou Hiweiser beaflossen, wéi mir Offere bewäerten a fir wéi eng mir eis decidéieren (Koh & Seah, 2023; Sinha & Adhikari, 2017).
Firwat loosse mir eis esou staark vun Hiweiser ewéi „Nëmmen nach haut“ oder „Nëmmen nach zwee Stéck“ beaflossen?
Bei Knappheet hu mir d'Gefill, datt mir séier handele mussen. Et denkt een: Wann ech elo net zougräifen, verpassen ech eng eemoleg Geleeënheet. Esou Hiweiser funktionéieren awer net ëmmer. Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg hu gewisen, datt se och manipulativ op d'Benotzer wierke kënnen. Virun allem Zäitlimitte kënnen negativ Gefiller ausléisen an d'Akafserliefnis manner agreabel maachen (Tuncer et al., 2024).
A wat passéiert am Gehier, wa mir esou Offere gesinn?
Eng Rei Beräicher am Gehier schaffen zesummen: Verschiddener bewäerten, wéi attraktiv mir e Produit fannen an ob et sech lount, en ze kafen. Anerer weien de Präis an den Notzen of. Studie mat Scannerbiller vum Gehier weisen, datt d'Bezuelbereetschaft mat engem ganze Reseau am Gehier zesummenhänkt (Wang & Yao, 2024). Et ass also net esou, datt d'Kafdecisioun vun engem eenzele Beräich am Gehier ofhänkt.
Fuerscher kënnen also um Gehier erkennen, ob eng Persoun wëlles huet, eppes ze kafen?
Neen. Unhand vun Aktivitéitsmustere kënne si just aschätzen, ob et warscheinlech ass, datt se eppes keeft. An enger Studie konnt een domat e bësse besser viraussoen, ob eng Persoun en Artikel kafe géing – awer just a ronn 60 % vun de Fäll. Vum Gedankeliese si mer also nach wäit ewech (Knutson et al., 2007).
Am Neuromarketing gi jo esou Miessmethoden agesat. Wat bréngt dat iwwerhaapt?
Neuromarketing ka klassesch Maartfuerschung ergänzen: Et kann ee verfollegen, wou d'Leit beim Shoppen hikucken, moossen, wéini hire Kierper reagéiert, an ënnersichen, wat fir eng Reseauen am Gehier aktiv sinn. Fuerscher beschäftege sech dofir mat der Fro, wéi gutt ee mat esou Kierpersignaler eist spéidert Kafverhalen aschätze kann – an ob se méi zouverlässeg Resultater kréien, wa se verschidde Miessmethoden zesummen asetzen (Bigné et al., 2025). Et bleift also spannend an der Fuerschung.
Wat d'EEG iwwer eist Kafverhale verréit – a wat net
Bei enger EEG (Elektroenzephalografie) gëtt d'elektresch Aktivitéit vum Gehier mat Elektroden op der Kapphaut gemooss. Fuerscher sichen domat zum Beispill no Musteren an der Gehieraktivitéit, déi mat eise Kafdecisiounen zesummenhänken. Verschidden EEG-Signaler hunn éischter mat Opmierksamkeet oder Erënnerung ze dinn, anerer mat der emotionaler Bewäertung vun engem Produit. Eng systematesch Auswäertung vun 174 Studie weist awer och, datt d'Resultater tëschent de Studien oft net eenheetlech sinn. Eng Kafdecisioun kann een also net zouverlässeg viraussoen (Byrne et al., 2022).
Infobox
- Bigné, E., Boksem, M., Casado-Aranda, L. A., García-Madariaga, J., Gier-Reinartz, N. R., Guerreiro, J., Loureiro, S., Kakaria, S., Smidts, A. & Wedel, M. (2025): How to Conduct Valuable Marketing Research With Neurophysiological Tools. Psychology & Marketing 42, 2616–2649. DOI: 10.1002/mar.70002.
- Byrne, A., Bonfiglio, E., Rigby, C. & Edelstyn, N. (2022): A systematic review of the prediction of consumer preference using EEG measures and machine-learning in neuromarketing research. Brain Informatics 9, 27. DOI: 10.1186/s40708-022-00175-3.
- Knutson, B., Rick, S., Wimmer, G. E., Prelec, D. & Loewenstein, G. (2007): Neural Predictors of Purchases. Neuron 53(1), 147–156. DOI: 10.1016/j.neuron.2006.11.010.
- Koh, W. C. & Seah, Y. Z. (2023): Unintended consumption: The effects of four e-commerce dark patterns. Cleaner and Responsible Consumption 11, 100145. DOI: 10.1016/j.clrc.2023.100145.
- Sinha, R. K. & Adhikari, A. (2017): Advertised reference price and sales price as anchors of the latitude of expected price and its impact on purchase intention. European Journal of Marketing 51(9–10), 1597–1611. DOI: 10.1108/EJM-03-2016-0177.
- Tuncer, R., Sergeeva, A., Bongard-Blanchy, K., Distler, V., Doublet, S. & Koenig, V. (2024): Running out of time(rs): effects of scarcity cues on perceived task load, perceived benevolence and user experience on e-commerce sites. Behaviour & Information Technology 43(11), 2281–2299. DOI: 10.1080/0144929X.2023.2242966.
- Wang, Y. & Yao, X. (2024): Neural correlates of willingness to pay for items: A meta-analysis of functional magnetic resonance imaging studies. Physiology & Behavior 278, 114481. DOI: 10.1016/j.physbeh.2024.114481.
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.