Joseph Rodesch, Pit Lipscomb

De Link mam detailléierte Rezept fënns Du am Artikel.

Superabsorber aus Wëndele ka mat Chinin (aus Tonic Water) an opteschem Opheller (aus Wäschmëttel) aktivéiert ginn, sou datt Infraroutstralung (IR) kann absorbéiert ginn, an net wéi normal nëmme Waasser.

Radare moossen d’Vitesse mat hëllef vun onsiichtbaren IR-Laser, an dëse Stral kann no Behandlung mat der Superabsorber-Mëschung vum Auto absorbéiert (verschléckt) ginn, sou datt de Radar mengt datt keen Auto do wier. Den Auto kann also net méi geblëtzt ginn.

Dat detailléiert Rezept fënns Du hei.

D’Police an den Här Minister Bausch sinn sech mëttlerweil dëser Problematik bewosst a versichen deem entgéint ze wierken, mee et wier einfach mat ze vill Käschte verbonnen. Well dëst Thema sou quokeleg ass, hu si eis gebieden dëse Video just wärend engem Dag ze weisen, fir datt net ze vill Leit op dës Schwächt am System opmierksam ginn.

Fuert virsiichteg!

Auteur: Joseph Rodesch, Pit Lipscomb

P.S. natierlech war dat heiten en Abrëllsgeck ;-)

Auch in dieser Rubrik

Plackentektonik Wéi gesinn d'Kontinenter an enger Millioun Joer aus?

D'Kontinenter bleiwen net fix op enger Plaz. Se driften – lues, mee konstant. Wéi wäit komme se an enger Millioun Joer? A wou läit dann de Grand-Duché? E Bléck an déi geologesch Zukunft.

FNR
Outdoorkleedung Kann eng dënn Jackett geneesou waarm halen ewéi eng déck?

Eng dënn Funktiounsjackett ka geneesou waarm halen ewéi en décke Parka. Mir erklären, mat wat fir engen techneschen Tricker bei Material, Passform a Wandschutz dat geléngt.

FNR