sperm and egg cell

AdobeStock/koya979

Spermien an Eezell

Mr Science, vill Leit vergläichen d'Befruchtung mat enger Course: Millioune Spermie leeë lass, an dee séierste gewënnt. Stëmmt dat?

Neen. Vun de ville Millioune Spermien, déi no enger Ejakulatioun an d'Scheed geroden, erreechen nëmmen e puer Dausend iwwerhaapt den Eileiter. Et ass do, wou et zur Befruchtung vun der Eezell komme kann. Eleng dat weist, datt et net nëmmen ëm d'Rapiditéit geet.

Dann ass de Wee bis bei d'Eezell méi komplizéiert wéi d'Bild vun der Course et unhuele léisst?

Absolut. D'Spermie musse souwuel d'Scheed, de Gebärmutterhals, den Uterus an den Eileiter duerchlafen. Bei all Etapp herrschen aner Konditiounen. Vill Spermie scheitere scho laang éier se iwwerhaapt an d'Géigend vun der Eezell kommen.

Diagram vum weibleche Reproduktiounssystem: Vagina = Scheed, Cervix = Gebärmutterhals, Uterine cavity = Gebärmutter(hiel), Fallopian tube = Eileiter. (Bild: AdobeStock/Midmueang)

Wat mécht dëse Wee dann esou schwiereg?

An der Scheed ass de pH ze sauer fir d'Spermien. Da léisst de Schläim am Gebärmutterhals net all Spermium d'selwecht gutt duerch. An den Iwwergang an den Eileiter ass esou enk, datt nees vill Spermien zeréckbleiwen. Do era packen et zum Schluss nëmmen e puer.

An och do geet et net einfach duer, als Éischten unzekommen?

Neen. E Spermium muss dann nach weider Hürden iwwerwannen, virun allem d'Schutzschichte ronderëm d'Eezell. Entscheedend ass net nëmmen d'Rapiditéit oder d'Ukommen, mee och, ob e Spermium op déi richteg Aart a Weis mam weibleche Kierper interagéiere kann.

Diagram vun der weiblecher Eezell. Ronderëm d'Eezell sinn: d'Plasmamembran vun der Eezell (donkelblo), d'Zona pellucida (hellblo) - eng Envelope aus Glykoproteinnen, an d'Corona radiata, déi aus Follikelepithelzelle besteet. (Bild: annotéiert Versioun vun AdobeStock/OGustamil Studios)

De weibleche Kierper zortéiert also mat aus?

Jo. De weibleche Kierper ass keng passiv Rennpist, mee beaflosst, wat fir eng Spermie weiderkommen. Am Eileiter kënne Spermien zum Beispill zäitweis festgehal ginn. Verschidden Etüden deiten ausserdeem drop hin, datt d'Eezell an de Genitaltrakt verschidde Spermie cheemesch „ulackelen“ oder op eng aner Manéier guidéieren, anerer awer net.

Wat fir eng Eegenschafte muss en erfollegräiche Spermium dann nach matbréngen?

E muss gutt beweeglech a stabil gebaut sinn a seng Ierfinformatioune méiglechst intakt matbréngen. Ausserdeem muss en ënnerwee nach e leschte Räifungsschrëtt duerchlafen: d'Capacitatioun. Eréischt da gëtt en iwwerhaapt befruchtungsfäeg.

Amplaz vun enger Course sollt een da besser vun engem Hindernisparcours schwätzen?

Dat trëfft et schonn éischter. An zwar en Hindernisparcours mat Ausdauer a Selektioun. Zum Schluss setzt sech net einfach dee séierste Spermium duerch, mee een, deen alleguer d'Hürden iwwerwënnt, mat de Konditiounen am weibleche Kierper eens gëtt an am entscheedende Moment befruchtungsfäeg ass.

Wéi erfuerscht een de Spermien hire Wee?

Fir erauszefannen, wéi d'Spermien de Wee bis bei d'Eezell fannen, ënnersiche Wëssenschaftler net einfach Fraen direkt nom Sex. Se kombinéiere verschidde Methoden, meeschtens am Labo. Do ënnersiche se zum Beispill, wéi Spermien duerch de Schläim vum Gebärmutterhals wanderen, sech un Zellen am Eileiter bannen oder mat Zelle vum weibleche Reproduktiounstrakt zesummewierken. Fir esou Versich komme meeschtens Geweebeprouwen, Zellkulturen oder technesch Modeller an den Asaz, déi d'Konditiounen am Kierper reproduzéieren. Verschidden Ofleef loosse sech ausserdeem besser an Etüden un Déiere klären. Eenzel Virgäng vum Spermientransport goufen awer och u Fraen ënnersicht, zum Beispill mat markéierte Mikrokugelen a Bildopnamverfaren. Dës Aart vu Fuerschung ass och dofir vu groussem Interessi, well hir Erkenntnisser fir d'Reproduktiounsmedezin wichteg sinn. (Leung et al., 2022; Sheibak et al., 2024). 

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Leung, E.T.Y., Lee, CL., Tian, X. et al. Simulating nature in sperm selection for assisted reproduction. Nat Rev Urol 19, 16–36 (2022). https://doi.org/10.1038/s41585-021-00530-9

Sheibak N, Zandieh Z, Amjadi F, Aflatoonian R. How sperm protects itself: A journey in the female reproductive system. J Reprod Immunol. 2024 Jun;163:104222. doi: 10.1016/j.jri.2024.104222. Epub 2024 Feb 27. PMID: 38489929.

Eisenbach, M. Sperm navigation in humans: a concerted action of multiple means. Commun Biol 8, 923 (2025). https://doi.org/10.1038/s42003-025-08358-4

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.