En ass kleng, e liicht, an e bleift, un allem wat magnéitesch ass pechen. Throwie‘en goufe vum Graffi Research Lab erfonnt a sinn eng alternativ - awer genee sou „trashy“ - Form vu Graffiti, bei däer een näischt futti mécht.

Material (pro Throwie)

  • eng LED (egal wéi eng Faarf) 
  • e klenge Magnéit (am beschten Neodymmagnéit) kritt een z.B. bei www.supermagnete.de
  • eng 3 Volt Knappbatterie
  • Pechpabeier (Scotch)

Instruktiounen

Test deng LED andeems de de laangen Drot vun enger LED um Plus-Pol vun der Batterie festhälls an deen kuerzen um Minus-Pol. Pech duerno d’LED un d‘Knappbatterie fest. Lee duerno de klenge Magnéit op d’Batterie a pech dësen och mat Scotch fest. – fäerdeg ass däi Geschoss!

Schéiss däin Throwie duerch d’Loft a kuck datt en iergendwou peche bleift. Un engem Lutepoteau, Stroosseschëld, Auto… – maach eng Foto a laf séier fort.

Den Throwie liicht jee no benotzter LED bis zu enger Woch laang. Duerno muss de en natierlech rëm rofhuelen.

Weiderentwécklungen

  • Blinking Throwies – LED-Throwies mat blénkenden LED’en
  • Floaties – LED-Throwies ouni Magnéit an enger transparenter Kapsel déi schwamme kann
  • Flyies – LED-Throwies ouni Magnéit un engem Heliumballon.
  • Rainbow Throwies – LED-Throwies mat enger LED déi d’Faarf ännert.

Auteur: Joseph Rodesch, Michèle Weber, Jean-Paul Bertemes

Infobox

Nobelpräis an der Physik 2014

 

Den Nobelpräis an der Physik 2014 geet un 3 Japaner fir d’Erfindung vun der bloer LED am Joer 1992. Déi rout an déi gréng LEDen goufe schonn an de 50er Jore fonnt, mee ouni déi blo konnt keng wäiss LED-Lut hirgestallt ginn. Wäiss LED-Luten si méi hell an hale méi laang wéi Glühbiren oder Neonstüben a gëllen dofir als Energie-effizient an ëmweltfrëndlech Liichtquell. Si fannen haut op ville Platzen Uwendung – ënner anerem als Blëtzliicht am modernen Handy.

 

Wat ass eng LED?

 

LED steet fir ”Light Emitting Diode”. Eng LED besteet aus e puer Schichten Hallefleedermaterial, déi Stroum a Liicht verwandelen.

 

Auch interessant

Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR

Auch in dieser Rubrik

Joseph playing a flute
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéngunge vun der Loft hunn, déi den Toun mécht.

FNR
Sonnendruck Drucke Muster auf farbiges Papier – mit Hilfe der Sonne

Für dieses Experiment brauchst du nicht unbedingt spezielles Sonnendruckpapier – es geht auch mit farbigem Bastelpapier.

FNR
Chemische Reaktion Lasse einen “Baum” wachsen – mithilfe von Natron und Essig

Dieser „Backpulver-Baum“ funktioniert nach einem ähnlichen Prinzip wie der „Backpulver-Vulkan“.

FNR