(c) alphaspirit

Et ass jo emol e Video rondrëm gaang, wou se behaapt hu mat deene richtege Schong a genuch Wëlle kéint een iwwert d’Waasser lafen. Wat natierlech Blödsinn ass! Mee firwat ass dat esou onrealistesch? A firwat ass et um Mound méiglech?

Op der Äerd kënne mer net iwwert d’Waasser lafen, well eis Féiss d’Waasseruewerfläch direkt duerchbriechen. Dat kéint een awer op 2 Manéieren verhënneren: Mir kéinten esou séier lafen, dass d’Waasser guer net genuch Zäit hätt fir ënnert eise Féiss verdrängt ze ginn - sou mécht dat eng speziell Eidechs. Eng aner Léisung wier, fir manner fest op d’Waasseruewerfläch ze trëppelen, sou dass d’Kraaft net grouss genuch wier, fir d’Waasser ënnert de Féiss ze verdrängen. D’Fuerscher hunn sech do op d’Beispill vun enger Eidechs baséiert, déi iwwert d’Waasser ka lafen, fir déi genee Konditiounen auszerechnen, ënnert deenen de Mënsch dat och géif fäerdeg bréngen. Laut hire Rechnunge misste mer dofir mat 100 km/h lafen, an dat ass jo net méiglech. Dat mam manner fest Optrëppelen ass laut hire Rechnungen och net méiglech – awer just hei op der Äerd! Mee wuel awer um Mound!

Wéi dann dat?

Dem Mound seng Unzéiungskraaft ass méi kleng, wéi der Äerd hier! Dat heescht konkret, dass ech um Mound mat manner Kraaft mat de Féiss op de Buedem drécken. A wéi sech erausstellt, ass dem Mound seng Unzéiungskraaft kleng genuch, fir dass d'Kraaft mat där meng Féiss op d’Waasser drécken och kleng genuch ass, fir d’Uewerfläch net ze duerchbriechen! 

Dat musse mer de Physiker da wuel esou gleewen! Teste ka jo keen et, vu dass et um Mound kee Waasser gëtt!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © alphaspirit

 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

 

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.