Wikimedia

Am Géigendeel zum Chlorophyll (gréng) an dem Karotin (giel) ass de roude Faarfstoff net ëmmer an de Blieder.

Giel, orange, rout: All di Hierschtfaarwe vun de Beem hire Blieder si just eng Fro vun der Biologie an der Chimie! Mee iwwert di genee Roll vun deene Faarwe sinn d’Fuerscher sech bis haut net 100 % eens.

Mee firwat grad am Hierscht? A wat geschitt fir dass d’Blieder op eemol ufänken d’Faarf ze wiesselen?

Normalerweis ass e Blat gréng well et de Faarfstoff Chlorophyll enthält. Dee brauch eng Planz fir Photosynthese kennen ze maachen: fir si e liewenswichtege Prozess bei deem Sonneliicht an Energie ëmgewandelt gëtt. E Blat enthält dees Chlorophyll esou vill dass all aner Faarfstoffer iwwertéint ginn, an déi Faarwen dofir net siichtbar sinn. 

De Wanter awer muss eng Planz sech géint d’Keelt schützen a vermeide fir Energie ze verschwenden. A well d’Photosynthese de Wanter souwisou manner efficace ass well d’Sonneliicht méi schwaach ass, d’Deeg méi kuerz sinn, an d'Temperatur méi niddereg, léisst de Bam d’Blieder dann einfach falen. Dofir ënnerbrécht en awer fir d’éischt d’Zouféiere vun Nährstoffer. D’Blat ass also souzesoen am “Standby” an de Chlorophyll, dee jo dann net méi gebraucht gëtt, gëtt schnell ofgebaut. De Karotin, en giel-orange Faarfstoff deen d'ganz Joer iwwer am Blat ass, gëtt da siichtbar an d’Blat ännert d’Faarf.

Dat gëllt iwwregens och fir di gréng Banannen déi nach net zeideg sinn. Dee giele Faarfstoff an der Schuel gëtt och vum Chlorophyll iwwertéint an eréischt siichtbar wann de Chlorophyll ofgebaut gëtt soubal d’Banann zeideg ass.

An di schéi rout Faarf? Vu wou kennt déi dann hier?

Am Géigendeel zum Chlorophyll an dem Karotin ass de roude Faarfstoff net ëmmer an de Blieder. Deen entsteet eréischt duerch eng chemesch Reaktioun wann d’Blieder ufänken ofzestierwen. Well d’Nährstoffzouféiere jo ofgebrach ass, bleift den Zocker dee bei der Photosynthese entstan ass an  de Blieder a reagéiert mat anere Substanzen. An ee vun de Produkter vun dëser chemescher Reaktioun ass dee schéine roude Faarfstoff. Wat d’Blieder an deem Moment méi Sonneliicht ofkréien, wat méi roude Faarfstoff entsteet a wat d’Blieder méi intensiv rout sinn.

Text: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Wikimedia

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.

 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

D’Photosynthese

D'Photosynthese ass de Prozess mat deem Planzen mat Hëllef vu Sonneliicht an hirem Chlorophyll Energie hirstellen. Si huelen CO2 aus der Loft a Waasser op a maachen dorauser Sauerstoff an Zocker. Den Zocker ass fir d'Planzen immens wichteg. En hëlleft hinnen zum Beispill fir aner Nährstoffer kennen opzehuelen oder fir Reserve fir de Wanter unzeleeën. Se brauchen en och fir kennen ze wuessen a Blummen ze man.

D’Photosynthese ass en zimlech komplizéierte Prozess. En hänkt vu ville Saachen of, wei zum Beispill wéi vill Sonneliicht do ass, wei waarm respektiv kal dass et ass, wéi vill CO2 an der Loft ass, wei grouss d’Blieder sinn an wéi vill Waasser am Buedem ass.

Firwat verléieren dann net all Planzen d’Blieder am Hierscht?

D’Planzen hunn net all di selwecht Taktik fir sech géint de Wanter ze rüsten.  Déi Planzen déi de Wanter gréng bleiwen hunn éischter Nolen oder eng Art Schuppen. Déi si vill méi resistent a wann’s de gutt kucks da mierks de dass se duerch eng Art Wuess geschützt sinn. Dofir bleiwe si d’ganzt Joer iwwer schéi gréng a kennen souguer am kale Wanter als Chrëschtbeemercher glänzen.

Huet déi rout Faarw och eng Funktioun? 

Méi Informatiounen doriwwer ginn et an dësem Artikel

Touristenattraktioun

An Nordamerika an a Kanada sinn di faarweg Bëscher am Hierscht iwweregens eng grouss Touristenattraktioun. Hier Bëscher sinn extra schéi faarweg well si vill méi verschidden Zorte Beem hunn, an dofir nach vill méi eng grouss Vilfalt u Faarwen hunn.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Am Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) dirigéiert den Dr Lucien Hoffman e Labo deen erfuerscht wéi eng Konsequenzen dass Ännerungen an der Emwelt op Planzen a Bëscher hunn.