Drogensucht

shotshop.com

Aktuell schätze Wëssenschaftler, datt de Risiko ofhängeg ze ginn zu ronn 50% genetesch bedéngt ass.

Note vun der Redaktioun: Des ass eng ugepasste Versioun vun engem Artikel deen ursprünglech den 18.06.2020 verëffentlecht gouf. Nei Erkenntnisser goufe consideréiert an d'Quelle goufen aktualiséiert. 

Genee dat ass en Deel vun der Definitioun vu Sucht: datt Ofhängeger hier Fanger net vun der Drog loosse kënnen, obwuel se wëssen, datt se hinne schued. Déi verschidden Droge wéi Alkohol, Heroin, Cannabis, Ecstasy asw. docken op ënnerschiddleche Plazen am Gehier un, déi fir eis Verhalen an eis Motivatioun wichteg sinn. Drogekonsum "belount" eis mat gudde Gefiller, änlech wéi wa mir z.B. lecker iessen oder gudde Sex hunn.

De Problem bei Drogen ass, datt si dëse Belounungssystem immens staark aktivéieren. D'Gehier léiert ausserdeem op Dauer, datt Drogekonsum mat gudde Gefiller zesummenhänkt. Gläichzäiteg reagéiert de Belounungssystem bei Süchtege manner staark op "normal" Reizer. Aktivitéiten, déi ee soss erfëllen oder glécklech gemaach hunn, kënnen op eemol net méi mat der Drog mathalen. Ausserdeem ginn duerch den Drogekonsum laangfristeg déi Netzwierker am Gehier méi schwaach, déi normalerweis fir e staarke Wëlle suergen. Süchteger wëssen dacks genee, datt d'Drog hinne schued, mee si kommen net méi géint hiren eegene Belounungssystem am Gehier un, deen si zum Drogekonsum dreift. Dofir gëtt Sucht mëttlerweil als chronesch Gehierkrankheet ugesinn an net méi als en Zeeche vu Charakterschwächt, wat fréier dacks de Fall war.

Gëtt een dann automatesch süchteg, wann een Drogen hëlt?

Et gëtt keen Automatismus. Ob ee süchteg gëtt hänkt och staark vun anere Facteure wéi just vun der Drog of. Aktuell schätze Wëssenschaftler, datt de Risiko ofhängeg ze ginn zu ronn 50% genetesch bedéngt ass. Dat ass awer just eng graff Aschätzung. Op mannst genee sou wichteg sinn Ëmweltfacteuren. Zum Beispill, ob ee méi oder manner behitt opgewuess ass, oder ob een sech wéi en Underdog ouni Chance fillt a keng Alternativen zum Drogekonsum gesäit. Wéi liicht een un Droge kënnt spillt och nach eng Roll. Wann een equilibréiert ass, also vill verschidden Aktivitéiten huet déi ee „belounen“, dann ass de Risk an eng Sucht vun enger Drog eranzefalen och méi kleng. Am grousse Ganze muss allerdéngs zum Thema Drogesucht nach vill gefuerscht ginn. Wat ënner anerem nach muss gekläert ginn ass wéi Drogen am Gehier genee wierken, a wat fir eng psychologesch a sozial Facteuren den Drogekonsum beaflossen.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Laut Weltgesondheetsorganisatioun gëllt een als ofhängeg, wann op mannst zwou vun dësen Aussoen zoutreffen:  

  • Et fält engem schwéier, den Drogekonsum ze kontrolléieren.
  • De Kierper gewinnt sech un den Drogekonsum an/oder et huet een Entzuchsymptomer, wann en de Konsum vun der Drog reduzéiert oder domat ophält.
  • Et vernoléissegt een ëmmer méi aner Aktivitéiten zugonschte vum Drogekonsum.

Heibäi handelt et sech allerdéngs em e graffe Raster an et ersetzt keng medezinesch Diagnos. 

Fuerscher hu festgestallt, datt Kokainkonsum op Dauer beaflosst, wéi Genen a Gehierzellen ofgelies ginn. Et schwätzt een hei vun "epigenetesche" Verännerungen. Et gëtt ugeholl, datt si d'Drogesucht souzesoen am Gehier festschreiwen. Des Prozesser fannen d'Fuerscher och bei aneren Droge. Si hoffen, an Zukunft Medikamenter entwéckelen ze kënnen, déi des dauerhaft Verännerunge vun de Genen erëm geziilt réckgängeg maache kënnen. Dobäi stinn si awer nach ganz am Ufank a misste fir d'éischt nach besser verstoe, wéi d'Drogen d'Gehier veränneren.

Och Droge gi mat der Moud. Dat weist, datt Drogekonsum och vu kulturelle Facteure beaflosst gëtt. Géint Enn vun de 60er Joren hu Cannabis an LSD d'Hippiekultur vun der Protestbeweegung begleet. Dobäi gouf virun allem Cannabis zum Symbol vun enger alternativer Kultur. An de 70er Joren huet sech den Heroinkonsum vu marginaliséierte Jugendlechen a jonken Erwuessenen zu engem Problem entwéckelt. En koum duerch d'Drogendoudeger an d'Noriichten an huet d'Ëffentlechkeet schockéiert. Ween allerdéngs haut nach Heroin hëlt, ass meeschtens schonn am Bopen- oder Bomenalter. Mëttlerweil ginn a villen europäesche Länner virun allem Cannabis, Kokain, Amphetaminnen an Ecstasy consomméiert. Gläichzäiteg ass Alkohol iwwer Joerzéngten en Dauerbrenner bliwwen.

Infobox

Quellen
  • G. F. Koob & N. D. Volkow, Neurobiology of addiction: a neurocircuitry analysis. The Lancet Psychiatry, 3 (2016) 760–773. https://doi.org/10.1016/S2215-0366(16)00104-8. 

  • J. D. Deak & E. C. Johnson, Genetics of substance use disorders: a review. Psychological Medicine, 51 (2021) 2189–2200. https://doi.org/10.1017/S0033291721000969. 

  • ICD11 implementation progress level. (n.d.). https://www.who.int/data/gho/data/indicators/indicator-details/GHO/icd11-implementation-progress-level (accessed 5 February 2026). 

  • A. Matone, C. Gandin, S. Ghirini, & E. Scafato, Alcohol and Substance Use Disorders Diagnostic Criteria Changes and Innovations in ICD-11: An Overview. Clinical Psychology in Europe, 4 (2022) e9539. https://doi.org/10.32872/cpe.9539. 

  • M. E. Medina‐Mora & R. Robles, How the ICD‐11 and the CDDR address the public health dimensions of substance use. World Psychiatry, 23 (2024) 449–451. https://doi.org/10.1002/wps.21252. 

  • Neurologie | ICD-11: Änderungen der diagnostischen Kriterien der Substanzabhängigkeit | springermedizin.de. (n.d.). ttps://www.springermedizin.de/neurologie/psychiatrie-und-psychosomatik/icd-11-aenderungen-der-diagnostischen-kriterien-der-substanzabha/18864874 (accessed 5 February 2026). 

  • European Union Drugs Agency, European drug report 2025 (LU: Publications Office, 2025). 

  • The neuroscience of drug reward and addiction. Volow, Nora et al., Physological Reviews, 2019 https://journals.physiology.org/doi/abs/10.1152/physrev.00014.2018?journalCode=physrev

 

 

Praktesch Informatiounen
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Cannabidiol an THC Firwat gëtt Cannabis als Medikament agesat?

Bei Cannabis denkt een un Drogen oder de Bob Marley. Ma och Fuerscher interesséieren sech fir dee Stoff – als Medezin. ...

FNR
Cannabis Medikament oder just eng Drog?

Heelt Cannabis Krankheeten? Oder hëlleft et just, Symptomer ze traitéieren? A wat sinn negativ Auswierkunge vum Cannabi...

FNR
Cannabis Wéi wierkt e Rausch?

Wat mécht Kiffen matt eisem Kierper? Wat hu Cannabis an eng Klunsch gemeinsam?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Konflikter tëschent Generatiounen Gen Z vs. Babyboomer: Wien ass méi faul?

Iwwer d'Gen Z soe munch Leit, se wier méi faul ewéi eeler Generatiounen, z. B. d'Babyboomer. Wat stécht dohannert? Huet d'Wëssenschaft tatsächlech Beleeg dofir? Oder ginn hei nëmme Klischeeë bedéngt?

FNR
Stoffwiessel Firwat ass Kacka brong?

Iwwer dat, wat mir op der Toilette ausscheeden, schwätze mer net oft, obwuel et vill iwwer eis Gesondheet verréit. Firwat ass Stull eigentlech brong? A firwat ass Urin giel?

FNR
Summerzäit Wat sinn d’Vir- an Nodeeler vun der Zäitëmstellung?

Zweemol am Joer stelle mir d’Auer ëm – am Fréijoer an am Hierscht. Vill Leit froen sech: Firwat maache mir dat eigentlech? A bréngt d’Summerzäit wierklech Virdeeler, Mr Science?

FNR