© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Wat mécht Kiffen matt eisem Kierper? Wat hu Cannabis an eng Klunsch gemeinsam? 

Verschidde Cannabiszorten enthalen déi psychoaktiv Substanz THC. Gesetzlech ass et zu Lëtzebuerg, wéi an deene meeschte Länner och, verbuede Cannabis ze konsomméieren. An awer hunn zu Lëtzebuerg matt 18 Joer 2 vu 5 Jugendlecher scho mindestens eemol gekifft [1]. De Mr Science beschäftegt sech allgemeng mam Rausch a kuckt méi genee mam Dr Jean- Marc Cloos (Psychiater) wéi de Cannabis op d’Gehir wierkt.

Cannabis gëtt mëttlerweil net méi zu deenen haarden Droge gezielt. Et ass e Rauschmëttel wéi Alkohol an Tubak och an huet genee wéi dës och seng positiv a negativ Eegeschaften. Et ass oft eng Fro vun Dosis an Ëmfeld an deem ee konsomméiert. En iwwerméissege Konsum vu Cannabis kann dem Dr Jean-Marc Cloos no, bei Jugendlecher, bei deenen d’Gehir nach an der Entwécklungsphase ass, bleiwend Gedächnisschied hannerloossen.

Méi Informatiounen zum responsabelen Ëmgang matt Cannabis an aner Rauschmëttel fannt dir bei der Suchtpräventioun (www.cept.lu). De Schlëssel fir net an eng Sucht ze verfalen, sief et vum Cannabis oder eppes anescht läit doran aus ville verschiddene Ressource seng Liewensenergie ze huelen. Dësen « Trampolinsmodell » gëtt am Video erkläert.


[1] http://bit.ly/1Gskf1Q Säit 44 fig 2.8.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: FNR & RTL 

Infobox

PISA Wëssensmagazin

De PISA Wëssensmagazin kënnt all zweete Sonnden ab 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg. 

Auch interessant

Drogesucht Firwat maachen Drogen eigentlech ofhängeg?

Ween ze vill an ze laang Droge consomméiert, ka säi Kierper ruinéieren an Aarbecht, Frënn a Famill verléieren. Firwat as...

FNR
Cannabidiol an THC Firwat gëtt Cannabis als Medikament agesat?

Bei Cannabis denkt een un Drogen oder de Bob Marley. Ma och Fuerscher interesséieren sech fir dee Stoff – als Medezin. ...

FNR
Cannabis Medikament oder just eng Drog?

Heelt Cannabis Krankheeten? Oder hëlleft et just, Symptomer ze traitéieren? A wat sinn negativ Auswierkunge vum Cannabi...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR