© Română cânepă
Heelt Cannabis Krankheeten? Oder hëlleft et just, Symptomer ze traitéieren? A wat sinn negativ Auswierkunge vum Cannabis-Konsum?
Et gi jo Dokteren déi derfir antrieden, Cannabis als Medezin dierfen ze verschreiwen, fir de Patienten hier Liewensqualitéit ze verbesseren. Mee geheelt gi se net, oder?
Nee. Et ass awer wouer dass Cannabis eng ganz Rei vun interessanten therapeutesche Wierkungen huet. Et ass zum Beispill e gudd Schmerzmëttel! An en hëlleft och géint Angschtzoustänn, Dronkenheet a Katzeregkeet, an et reegt den Honger un. Et kann also Leit hëllefen, déi am Endstadium vun enger Krankheet sinn, oder Leit déi un den Niewewierkunge vun Chemotherapie leiden. Et ginn awer och Studien déi weisen, dass Cannabis verschidde Krankheete bremst, zum Beispill verschidde Kriibszorten, Alzheimer an MS. Mee geheelt gëtt een net.
Dat klengt jo awer no engem gudde Medikament! Firwat ass et dann esou ëmstridden?
Wéi all Medikament huet Cannabis natierlech och seng Niewewierkungen, wéi zum Beispill Paranoïa oder Häerzklappen. Komplizéiert gëtt et, wann ee Cannabis iwwert méi eng laang Dauer konsomméiert! E wierkt nämlech op eist Kuerzzäitgedächtnis. Während een „high“ ass, funktionéiert déi Regioun am Gehir net sou gudd, mee se erhëlt sech awer rëm wann d’Wierkung vum Cannabis noléisst. Bei massivem Konsum kann dee Phenomen awer unhalen oder permanent ginn. E wierkt och op de Belounungszentrum an eisem Gehir, dofir gëtt ee sou euphoresch wann een „high“ ass. No massivem Konsum kann een dofir an Dépressioune falen. An da ginn et natierlech och déi Fäll, wou massive Konsum Schizophrenie kann ausléisen.
Dat sinn zwar krass Niewewierkunge bei massivem Konsum. Ginn et da keng aner ähnlech Medikamenter déi een amplaz kéint huelen?
Dach, natierlech! Oxycodon a Morphium sinn zum Beispill zwee aner Schmäerzmëttel. Mee och vun deene gëtt een ofhängeg, an zwar méi wéi vu Cannabis. An awer sinn hier therapeutesch Wierkungen unerkannt a ginn an der Medezin agesat. Et kann een och net un enger Iwwerdosis Cannabis stierwen! Verglach mat aner Medikamenter ass et also relativ „sécher“, et muss een eebe just verantwortlech domat ëmgoen.
Wéi mat all anerem Medikament och. Déi hu jo all hir Risiken an Niewewierkungen, an trotzdem wëlle mer net drop verzichte wann d’therapeutesch Wierkung interessant ass!
Hannergrondinfos
Cannabis an der Geschicht vun der Mënschheet
Et ginn historesch Quellen déi weisen, dass Cannabis scho säit 6000 Joer bei de Chineesen als Medezin agesat gëtt. Et ass bis haut eng vun den Haaptplanzen an hirer traditioneller Medezin. Mee och d’Egypter, d’Inder, d’Griichen an d’Ritter aus dem Mëttelalter hu Cannabis benotzt fir Wonnen ze behandelen.
Kanabis ass och bei eis bis an d’19. Jorhonnert vill als Schmerzmëttel benotzt ginn, ouni dass een un der therapeutescher Wierkung ugezweifelt huet. Et ass eréischt säit 1937 en ëmstriddend Thema, well Cannabis dunn als Drog definéiert ginn ass an d’Benotzung illegal ginn ass.
D’therapeutesch Wierkung beim Mënsch ass also historesch bewisen, se ass just nach net ganz verstan.
Mangel u wëssenschaftleche Studien
Well Cannabis a ville Länner eng illegal Substanz ass, kenne jo keng Experimenter oder Tester bei Mënsche gemaach ginn, sou wéi mat aner Medikamenter ier se op de Maart kommen.
Mee Tester bei Déiere weisen awer kloer dass Cannabis géint Péng, Angschtzoustänn an aner Symptomer vu Krankheeten hëlleft. A verschidde Fäll mécht Cannabis esou guer Kriibszelle futti. Mee e Mënsch ass nun emol keng Maus oder Rat, an et ass schwéier soen op Cannabis beim Mënsch genee déi selwecht Wierkung hätt.
Mee a verschiddene Länner ass medezinesche Cannabis jo scho méi laang legal, an do sinn och schonn eng ganz Rei Studie gemaach ginn. Well d’Niewewierkunge vu massivem Konsum zimlech seriö sinn, probéieren d’Fuerscher fir déi eenzel Wierkstoffer ze isoléieren an eventuell ze synthetiséieren. Esou kéinten se d’Wierkstoffer besser doséieren an d’Niewewierkunge kontrolléieren.
Wierkstoffer
Kanabis enthält em di 80 Cannabinoiden, déi als Wierkstoffer giffen a Fro kommen. Verschidden Arte vun Kanabis enthale verschidde Cannabinoiden, a verschiddene Quantitéiten. Et ass also schwéier soen, wéi déi verschidde Kombinatiounë reagéieren a wéi eng Wierkung se zesummen op eise Kierper hunn.
Zwee vun dëse Wierkstoffer si scho besser bekannt an zimlech villverspriechend:
De Cannabidiol – CBD – mécht bei Broschtkriibs d‘Kriibszelle futti a gëtt och als Medikament géint Epilepsie getest.
Den Tetrahydrocannabinol – THC – ass deen, deen esouvill op eist Gehir wierkt a fir déi meescht vun de schwéieren Niewewierkungen zoustänneg ass. Trotzdem ass en interessant fir ebe grad Krankheeten ze behandelen, déi eist Gehir oder eisen Nervesystem betrëffen. Et ass och hien deen als Schmerzmëttel wierkt.
Text: Corinne Kroemmer
Foto ( vum Română cânepă)
Infobox
All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu
Et ass engem kanadesche Fuerscher, dem Jon Page, viru kuerzem gelongen, fir de chemesche Bauplang fir d’Hirstellung vun de Wierkstoffer am Kanabis ze entzifferen, sou wéi THC a CBD. Des nei Erkenntnisser wäerten et an Zukunft dozou bäidroen fir Medikamenter hirzestellen, déi synthetesch Wierkstoffer vum Kanabis enthalen. D’Wierkstoffer kennen esou besser op d’Krankheet an d’Uwennung ofgestëmmt ginn, a geféierlech Niewewierkunge besser kontrolléiert ginn.
Zu Lëtzebuerg beschäftegt d‘“Association Luxembourgeoise des Méthodes Préventives“ (ALMP) zu Ettelbréck sech mam Thema Kanabis. Si schaffe mat aner Associatiounen zesummen, wéi d‘“Association des Parents de Personnes Atteintes d’Autisme de Luxembourg“, d‘„Ecole Stelior“ an der Schwäiz, déi Formatioune fir nei an innovativ Behandelungen an Therapien ubidden an der „Union Francophone pour les Cannabinoïdes en Médecine“ (UFCM), eng franséisch Associatioun rondrëm Dokteren a Fuerscher.
Op des Manéier ass d’ALMP ëmmer um leschte Stand vun der Fuerschung an der Medezin. Si interesséiere sech awer speziell fir d’Uwennung vu Kanabis, oder besser gesot dem Wierkstoff Cannabidiol (CBD), fir Autismus ze behandelen.