FNR

Du brauchs eng Forschett (oder anert Besteck) an e Stéck Aluminiumspabeier, dat s de zu enger Strull dréins. Lee béid Metaller niefteneen op deng Zong a looss se sech just ausserhalb vum Mond beréieren. Dee Moment fléisst e klenge Stroum iwwert deng Zong, dee komesch kribbelt. Et ass net geféierlech, mee maach dat trotzdeem net stonnelaang hannerteneen. ;)

Wat passéiert genee?

An dengem Mond passéiert eppes änleches, wéi an enger normaler Batterie (galvanesch Zell). Eng Batterie funktionéiert, wann zwee ënnerschiddlech Edelmetaller nieft eneen an enger Flëssegkeet stinn. Hei hu mer Aluminium (onedel) , an eng méi „edel” Forschette aus Stol. Däi Spaut op der Zong ass d’Flëssegkeet (Elektrolyt). An dësem Fall léist sech ganz e bëssen Aluminium op der Zong op. Beim Opléisen zerleeën sech eenzel Aluminiumdelecher (Atomer) a positiv geluet Aluminium-Ionen an negativ geluet Elektronen. D’Elektronen wanderen duerch d’Metaller baussen erëm vum Aluminium an d’Forschette, well dat méi edelt Metall d’Elektrone besser unzitt. D’Forschett luet sech negativ op an zitt dann déi positiv Aluminioum-Ionen un, an dës wanderen dann iwwert d’Zong bei d’Forschett, dës elektresch Spannung spiert een. Do, wou d’Forschette d’Zong beréiert, verbanne sech positiv a negativ Deelercher rëm zu Aluminiummetall.

Ganz sou einfach ass et natierlech net, mee et kann ee sech et sou änlech virstellen. Eng Batterie funktionéiert och no deem selwechte Prinzip. Mat Gromperen, verzénkten Neel an e puer Koffermënze kriss de iwwregens eng LED un d’liichten.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR