(c) Steve Jurvetson

Et héiert ee jo an der lescht vu bal allen Autosmarken dass se erfollegräich Autoen ouni Chauffeur getest hunn. GPS gëtt et scho relativ laang, verschidden Autoe kënne schonn eleng aparken, et sollen der esouguer scho ginn déi der hëllefe besser a méi sécher duerch den Traffik ze kommen. Firwat dauert dat dann esou laang bis et ganz autonom Autoe ginn?

Eigentlech hues de Recht: wann’s de all déi Technologien, déi’s de elo erwähnt hues, kombinéiers, dann du hues am Prinzip en Auto deen eleng ka vun A op B fueren! An der Realitéit kommen awer nach e puer Erausfuerderungen dobäi. Et geet net duer dass den Auto weess wou en ass, wou en hi muss a wéi wäit e vun aner Autoen ewech ass, e muss och Problemer erkennen oder virausgesinn, eng Décisioun huelen an handelen! Zum Beispill wann e Kand engem Ball hannendru leeft an op d’Strooss spréngt! Vu wou kënnt de Ball? Bremsen ech oder wäichen ech aus? A wéi eng Richtung soll ech auswäichen? An esou weider!

Wéi funktionéieren déi Systemer da bis elo?

Du hues am Fong 2 separat Systemer, déi awer mussen zesumme schaffen! Dat wichtegst ass natierlech d’Steierung! Dofir hues de Lasersensoren, Radarsensoren an 3-D Kamerae rondrëm dem Auto. Déi moossen alles wat op bis zu 200 Meter rondrëm dem Auto ass a wéi déi Saachen sech beweegen. Dee System géif zum Beispill de Ball erkennen, vu wou e kënnt a wou en hi flitt. An deen erkennt zum Beispill och wéini’s de muss d’Spuer wiesselen!

Mee wann dee System d’Kand mam Ball jo erkennt, dann ass et jo gutt? Da kann den Auto bremsen oder auswäichen?

Jo, mee do kënnt den zweete System an d’Spill: d’Lokalisatioun! Fir ze decidéieren ob e soll bremsen oder auswäichen, muss den Auto wësse wou en ass fir beim auswäichen zum Beispill net an eng Mauer ze rennen! Bis elo war d’Lokalisatioun haaptsächlech op GPS baséiert, mee wëll’s de d’Signal dacks verléiers ass dee System net ganz sécher. Toyota huet dofir seng Taktik geännert a schafft elo un enger Alternativ déi guer kee GPS méi benotzt a ganz einfach op Kamerae baséiert ass . Den Auto filmt permanent wat rondrëm ass, an eng Software vergläicht déi Biller mat Kaarten. Sou kann en dann erausfannen ob den Auto dem Ball kann auswäichen oder ob e muss bremsen!

Dann ass et also wierklech nach just eng Fro vun der Zäit. D’Technologie gëtt et, se muss just nach verbessert ginn! Weider Infoen iwwer d’Problemer oder nei Technologie verréits de eis wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Steve Jurvetson

Infobox