Pisa Summerchallenge 2022  Op der Sich no de gossenen Grenzmarken 

Déi wuel schéinsten Grenzmarken fënnt een zu Lëtzebuerg op der belscher Grenz vu Rodange bis erop op d’Schmëtt. Mee d’Grenz huet awer och vill spannend Geschichten ze verzielen.  

FNR, RTL
Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett mee si kënnen nach vill méi...  

FNR, RTL
Mr Science PISA Kënne mir eis Gene beaflossen?

De Mr Science an d'Michèle vu science.lu probéieren, ob si duerch Sport oder Meditatioun Genen un- oder ausschalte kënnen – an doduerch e puer Joer méi jonk kënne ginn.

FNR, RTL, LIH
Mr Science Wéi suckelen d’Beem d’Waasser bis iwwer 10 Meter an d‘Héischt?

Dat ass vill méi komplex wéi ee mengt. Mat Fuerscher vum LIST kënnt de Mr Science dësem Mystère awer e bëssen op d’Spuer.

FNR, RTL
Naturphenomer De gréisste Kalwaassergeysir vun der Welt ass an der Eifel

Bis zu 60 Meter héich sprëtzt de Geysir all 2 Stonnen zu Andernach. Wéi dëse funktionéiert a wou zu Lëtzebuerg et sou Phenomener ginn, gidd der an dëser Episode vum Pisa Wëssensmagazin gewuer.

FNR, RTL
Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR, RTL
Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.042 % vun der Loft ausmécht sou vill Afloss op eis Natur kann hunn.

FNR, RTL
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science geet an de Labo vu Pont&Chaussées op d’Sich nom perfekte Belag.

FNR, RTL
Faszinatioun Feier Aus wat besteet eng Flam?

Flamen faszinéieren d‘Mënschen zanter Joerdausenden. Mee wat ass dat wat hei liicht a flackert?

FNR, RTL
Grillen Wat ass déi bescht Method fir de Kuelegrill unzefänken?

Den Olivier Catani an de Mr Science hunn déi 5 populäersten an interessantste Methode getest a gekuckt, wéi eng a punkto Vitesse, Dampentwécklung an Opwand d’Nues vir huet.

FNR, RTL
Akkubrand Wéi geféierlech ass eng Batterie?

Wann opgeluede Batterië schwéier beschiedegt gi kann et zu engem Brand kommen. Wat léist sou e Brand aus, a kënnen d‘Batterië geläscht an duerno entsuergt ginn?

FNR, RTL
Best of 10 Joer Pisa Happy Birthday, Mr. Science!

En Zesummeschnëtt vun de stäerkste Momenter aus 10 Joer Mr Science am Pisa Wëssensmagazin, souwéi en Artikel dee fir de Rapport Annuell vum FNR geschriwwe gouf.

FNR, RTL