FNR, RTL

Dësen Artikel baut op de Video op, also kuckt fir d’éischt dësen.

Beem hu vill Technike fir Waasser opzehuelen. D’Kapillärkräfte ginn am Video ernimmt, mee den osmoteschen Drock spillt och virun allem am Fréijoer nach eng grouss Roll. De Bam léisst dee Moment vill Zocker an d’Wuerzele fléissen, an doduerch zitt d’Waasser aus dem Buedem an d’Wuerzelen eran. Am Normalfall verdämpt d’Waasser awer duerch d’Blieder an dës suckelen dann d’Waasser no. Wa mir awer missten un engem laangen Hallem suckelen géif dat näischt ginn.

Mee firwat d‘Experiment mam héije Siphon sou erstaunlech?

Laang Zäit gouf gesot datt ee Waasser net méi wéi 10 Meter usauge kann. An engem Siphon, wéi mir e benotzt hunn, war dëst laang Zäit och net gelongen. De Grond: An enger Waassersail klëmmt den Drock pro 10 Meter nämlech em ee Bar.

Ab 10 Meter Waassersail hu mer am Tübe (un der Spëtzt) also en Drock vu 0 bar an drënner...

E Minusdrock – geet dat? Normalerweis kacht d’Waasser bei Vakuum (0 bar) mee an eisem Tübe fléisst et awer weider, zumindest wärend enger kuerzer Zäit, an dat ouni datt sech Blose bilden. Dëst kann 2 Erklärungen hunn. Éischtens war d’Waasser am Tübe komplett entgast, sou datt sech net sou einfach Blose bilde konnten. Zweeten hu mer Spüli bei d’Waasser ginn. Spüli mécht datt, wa Blosen entstinn, dës net sou séier wuessen oder a kleng Blosen zerfalen. Et gëtt ugeholl datt d’Beem och sou en änlechen Tricker benotze fir d’Waassersail am Bam konstant als duerchgoende Strang ze erhalen.

Kohäsiounskräften vum Waasser

Dee Moment kënnen déi sougenannte Kohäsiounskräfte spillen, also Kräfte mat deene sech d’Waasserdeelecher ënnerteneen unhalen. Wa keng Loft d’Waasserketten ënnerbrécht kann enn un de Waassermoleküllen bëssen sou wéi un engem Lastik zéien. Genee dës Eegenschaft benotzen d’Beem fir d’Waasser souguer an Héichte bis iwwer 100 Meter ze suckelen.

Gasblose vermeiden

Dëst funktionéiert awer just wa keng Gasblosen am Waasser entstinn, déi dës Waasserketten ënnerbrieche géifen. E Bam huet verschidden Technike fir Gasblosen, déi am Xylem (dem Bam sengem Waasserkanal) entstinn anzefänken, an d‘Team ronderëm de Stanislaus Schymanski erfuerscht ënner anerem dës Techniken.

Versuchsbeschreiwung

Fir eise Versuch hu mir destilléiert Waasser geholl an entgast, andeems mir et gekacht hunn. Mir hunn och 1 g Spüli (Tensid) pro Liter opgeléist wëll dëse verhënnert datt grouss Gasblose kënnen entstoen. De Schlauch gouf mat Waasser gefëllt an duerno an U-Form wärend enger Stonn opgehaangen a gerëselt datt eventuell Gasblosen no uewe konnten entwëschen. Duerno gouf de System ëmgedréint an d’Enner sou an 2 Bokaler ënner Waasser gehal, datt de Gas konnt erauskommen. Ee vun de Bokaler um Buedem gouf liicht ugehuewe fir de Siphon un d’lafen ze bréngen. 

Mat dësem Opbau hu mer et fäerdeg bruecht d’Waasser wärend iwwer 90 Sekonnen op eng Héischt vun iwwer 14 Meter ze suckelen.

Auteur: Joseph RODESCH (FNR)
Produktioun: Media4all & RTL
Merci: Francisco VERA (Pontificia Universidad Católica de Valparaíso, Chile)  Stanislaus SCHYMANSKI (LIST), Louis KRIEGER (LIST), Gemeng Betebuerg

Infobox

Pisa - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR