Wikimedia Commons

Wäiss Kondenssträifen um Himmel sinn harmlos Äiskristaller

An der Chamber gouf vrun 3 Wochen eng Pétitioun géint Chemtrails deposéiert. Dat sinn déi wäiss Kondenssträifen, déi d‘Fligeren um Himmel hannerloossen. Den Auteur vun der Pétitioun mengt datt dës absichtlech provozéiert ginn, fir d’Sonnenastrahlung ze schwächen a gëfteg Substanzen op der Äerd ze verspreeën. Stëmmt dat?

Also déi Kondenssträife gëtt et schonns, zanter et d’Fliigerei gëtt – an dobäi handelt et sech em harmlos Äiskristaller. Aus de Fligerdüse kënnt nämlech CO2 a Waasserdamp raus. A wëll et do Uewe sou kal ass, fréiert de Waasserdamp direkt – a mir gesin eng Stréchwollek.

Ma den Auteur vun der Petitioun seet, déi géifen op verschidden Deeg extrem laang um Himmel ze gesi sinn. Wéi kënnt dat dann?

Ma dat hänkt vum Wieder of. Wann eng héich Loftfiichtegkeet ass, kënnen dës Sträife méi laang erhale bleiwen – a wa bësse Wand ass kënnen se extra Forme bilden.  

Sinn dann net nach aner Substanzen an deene Wolleken?

Dach, bei enger Verbrennung entsteet och ëmmer bëssen Dreck. Dat kenne mer vum Auto. Mee firwat sollt do een iergendwellech deier chemesch Produiten dramaachen, fir sech duerno selwer ze schueden?

OK mä Wolleken halen eis d’Sonneliicht wech. Kënnen d‘Kondenssträifen, sou wéi den Auteur dat seet, net och?

Jo. D’Fro ass wéivill dat ausmécht? No den Attentater op de World Trade Center haten d’Fuerscher déi eemoleg Chance fir emol en Himmel ouni Kondenssträifen ze studéieren...

Ahh... Well do e puer Deeg kee Fliger méi geflunn ass? An?

Deemools wor et deemno am Dag bëssi méi waarm, an an der Nuecht bësse méi kal wéi soss – mee d’Ënnerscheeder wore minim… Fazit: Menger Meenung no ass et eng Verschwörungstheorie well sech d‘Phenomener all wëssenschaftlech erkläre loossen. Dee vill méi grousse Problem ass dogéint evident: Déi vill Fligere blose vill CO2 an d’Atmosphär. An dat ass sëcherlech e réelle Problem.

Auteur: Joseph Rodesch
Editeur: Jean-Paul Bertemes
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science är Froën op Eldoradio.

Aussi intéréssant

Looping mam Fliger Bleift Waasser am Eemer wann de Fliger op der Kopp as?

Eng spektakulär Variatioun vum éischten Experiment, dat de Mr Science als Kand gemaach huet.

FNR
Le système de sécurité des aéroports de haute technologie FLYSEC La fin des longues files d’attente et des mesures de sécurité contraignantes

L’Université du Luxembourg, en collaboration avec Lux-Airport, a testé un système de sécurité des aéroports de haute tec...

Fliger-Challenge Kann ee Mënsch mat engem Pabeierfliger fléien?

E klenge Pabeierfliger fale ka jiddereen, mee fir e Modell ze bauen, deen eng Persoun droe kann, ass e opwännege Challe...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Mimetismus an Tarnung Firwat kënne verschidden Déieren hir Faarf änneren?

Mr. Science, firwat kënnen Déieren ewéi Chamäleonen, Séipäerdercher oder Tëntefësch hir Faarf änneren? Bréngt dat hinnen iergendeng Virdeeler?

FNR
Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR
D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR