(c) RTL, FNR

Mr Science um Pabeierfliger

Fir e Pabeierfliger am Groussen ze bauen, brauch ee jo eigentlech just méi e grousst Blat Pabeier, oder...? Nee, sou einfach ass et natierlech net! An dësem Challenge, deen de Mr Science zesumme mat enger 2e BC aus dem Lycée du Nord ugaangen ass, hunn sech vun Ufank un eng ganz Rei Problemer gestallt:

Ënnerkonstruktioun fir Stabilitéit

De Pabeier ass vun enger gewëssener Gréisst un net méi steif genuch a behält seng Form net méi. Bei engem grousse Pabeierfliger muss een d’Flilleken also mat Staangen (hei Aluminium) verstäerken. Dobäi ass et wichteg, sou mann wéi méiglech Staangen ze huelen, fir datt de Fliger nach vun enger Persoun ka gedroe ginn. Dëst hat och en Afloss op de Choix vum gefaalte Modell, well eng komplizéiert Form léist sech net sou gutt verstäerken.

Choix vum Modell

Well et wéineg bis keng Informatiounen zu Pabeierfligere gëtt déi e Gewiicht droen, hunn d’Schüler mam Mr Science alles missen experimentell selwer erausfannen, respektiv Informatioune bei Seegelfligeren ofkucken. Wärend e puer Woche goufe verschidde Forme am Moossstaf 1:100 an 1:10 gebaut a getest, mat de Kritären: einfach bauen, einfach verstäerken, mat Gewiicht drënner fléie kënnen a gutt fléie kënne bei wéineg Vitesse. Dee leschte Kritär ass wichteg, well e risege Pabeierfliger natierlech net sou séier ka fortgeschoss ginn, wéi e klengen. De Model, deen am Video gewise gëtt, huet sech als dee beschte fir eisen Zweck erwisen.

Pabeier räisst ab enger gewëssener Gréisst

E Modell deen 100 kg packe soll (Passagéier & Gewiicht vum Fliger) muss grouss sinn. Anescht wéi bei normale Fligeren déi hiren Opdriff doduerch kréien, datt se séier sinn, an doduerch vill Loft verdränge kënnen, muss ee Pabeierfliger méi Fläch hunn, well en lues ass a kee Motor huet. De Model am Video ass aus engem Blat vun 8,7*12,3 m gebaut gi, fir duerno e Fliger vu bal 45 m2 ze kréien. Pabeier (och extra stabillen) räisst leider bei dëse Gréissten immens séier a kann och net gutt un de Staange fixéiert ginn. Et huet also missen en anert Material hir.

Déi erniichterend Erkenntnis: Et ass net méiglech fir e Fliger, just aus Pabeier, ze falen, deen eng Persoun droe kann.

D’Team ronderëm de Mr Science huet net opginn, an ass op Material iwwergaangen dat räiss- a waasserfest ass, an awer ähnlech wéi Pabeier ausgesäit an sech och sou verschaffe léist: Tyvek ®, eng Matière aus Polyethylen (PE), also Plastik, déi zu Contern bei Dupont de Nemours hiergestallt gëtt. Heimadder konnt de riise Fliger ouni gréisser Problemer gefaalt ginn.

De Versuch

E Fliger ze bauen ass eng Saach, mee domat ze fléien déi aner. Dee grousse Risiko: E Wandstouss kéint ënnert de Fliger kommen an dësen, ähnlech wéi en Draach, an den Himmel zéihen, wouduerch eng Chute aus grousser Héicht méiglech wier. Aus deem Grond ass de Versuch um Stau duerchgefouert ginn, fir am Fall vun enger Chute am Waasser ze landen. Ausserdeem goufe Seeler um Fliger befestegt, fir datt een en am Noutfall erofzéie kéint.

E Fliger muss, entgéint deem wat ee kéint mengen, net mam Wand starte, mee géint de Wand. Wat méi Loft laanscht Flilleke stréimt, wat de Fliger méi Opdriff kritt, an doduerch besser start, an och méi Gewiicht droe kann.

De Versuch ass, wéi een am Video ka gesinn, just deels gegléckt... De Fliger ass geflunn, mee d’Struktur fir sech unzehalen, huet sech leider an der Ulafphase vum Fliger geléist, well se bei engem éischte gescheiterte Versuch beschiedegt gouf.

Fazit : Prinzipiell kann e grousse „Pabeierfliger“ fléien an och eng Persoun droe wann e stabil genuch gebaut ass. D’Fro déi sech awer da stellt ass, ob een et dann nach Pabeierfliger nenne kann oder op et schonn en Deltaplane ass.

 

Merci‘en: Dupont de Nemours, Base nautique Lultzhausen, Pascal Becker, Alufer, all d’Schüler vun der 2e BC aus dem LNW, a speziell dem Yves Reiser an dem Nihad Civi

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL

 

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR