De Joseph vu science.lu weist haut een Experiment.

De Joseph vu science.lu (Mr Science) weist dir am Experiment vum Dag wéi een an engem Teller mat e bëssen Mëllech e fantastecht Konschtwierk maache kann. D’Beweegungen an de Faarwen kommen zustan well Spüli sech mam Fett an der Mëllech no an no verbënnt.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Aussi dans cette rubrique

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Dichte Firwat geet en Ee net ënner wann ee Salz an d’Waasser mécht?

Am Séisswaasser geet en Héngeree ënner, am Salzwaasser schwëmmt et. Mat dësem Experiment kanns du och testen, wéi al en Ee ass.

FNR
Science Trick  Blos eng Käerz hannert enger Fläsch aus 

Dësen Trick klappt wéinst dem sougenannte Coanda-Effekt, deen ënnert anerem och hëlleft, e Fliger an der Loft ze halen.  

FNR