De Joseph vu science.lu weist haut een Experiment.

De Joseph vu science.lu (Mr Science) weist dir am Experiment vum Dag wéi een an engem Teller mat e bëssen Mëllech e fantastecht Konschtwierk maache kann. D’Beweegungen an de Faarwen kommen zustan well Spüli sech mam Fett an der Mëllech no an no verbënnt.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: dech virwëtzeg maachen, dech un d’staunen kréien an dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch in dieser Rubrik

Waasser-Experiment Hief en Äiswierfel mat engem Fuedem a Salz op

Duerch dëst Experiment fënns Du och eraus, firwat am Wanter Salz op d’Stroosse gestreet gëtt.

FNR
Optik Maach Reebou-Pabeier mat Neellack

Een ebësse méi extraen Pabeier - ganz einfach selwer maachen mat Neellack

FNR
Rotatioun Firwat lant eng Botterschmier ëmmer mat der Bottersäit no ënnen?

Dëst Experiment krut souguer en Ig-Nobelpräis fir witzeg Fuerschung.

FNR