(c) NASA

Saachen, déi fir eis einfach sinn, sinn am Weltall op eng Kéier ganz komplizéiert, wéi zum Beispill Zänn wäschen, duschen oder op d’Toilette goen. Aner Saache sinn anscheinend guer net méiglech, wéi räpsen zum Beispill. Stëmmt dat ?

Jep! De Chris Hadfield, e kanadeschen Astronaut deen dofir bekannt ass, d’Liewen op der internationaler Raumstatioun iwwer Video ze iwwerdroen, erklärt dass räpsen tatsächlech am Weltall net méiglech ass. A wann een awer probéiert, da katzt een!

Wisou kann een dann net räpsen? Dat gehéiert jo awer zu eisen natierleche Kierperfunktiounen!

Ma räpsen ass jo soss näischt wéi d’Evakuatioun vun der Loft, déi mer während dem Dag ofschlécken! Des Loft geet dann an de Mo, wou och eist Iesse läit. Duerch d’Schwéierkraaft vermëscht d’Loft sech net mam Rëscht vum Iessen: d’Iesse bleift ënnen am Mo, an d’Loft, déi jo méi liicht ass, sammelt sech uewendriwwer a ka während dem Räpsen evakuéiert ginn. Am Weltall, an der Schwerelosegkeet, kann d’Loft jo awer net vum Rëscht vum Iesse getrennt ginn, et schwieft alles am Mo duercherneen! Wann een also räpst, da kennt automatesch och en Deel vum Iesse mat! Ausser natierlech wa guer keen Iessen dran ass! 

Ieiks! Mee dat mécht Sënn!

Et kann ee jo och net räpse wann een de Kappstand mécht ....

Dat hunn ech scho mol héieren. Mee dat kennt der jo selwer ausprobéieren!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Nasa

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Aussi dans cette rubrique

Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR