(c) Darley

22.05.1849: Den US-President mécht eng Erfindung, wéi ee Schëffer vu Sandbänke ka befreien. Wéi huet déi funktionéiert? A wat huet hien iwwerhaapt mat Schëffer ze dinn?

Den Abraham Lincoln war vu klengem un en zimlechen Abenteuerer an huet a senger Jugend op Dampschëffer um Mississippi geschafft. A wann do e Schëff op enger Sandbänk gelant ass, war dat vill Aarbecht fir et nees erof ze kréien! Also huet hien eng Maschinn erfonnt, déi de Schëffer sollen iwwer Sandbänken hëllefen!

Wat war dat da fir eng Maschinn?

Hien huet e Schëff entwéckelt, mat e lauter waasserdichte Loftbehälter rondrëm dem Rumpf. Wann d’Schëff opgelaf ass, da konnts de déi opblosen an ënner Waasser drécke fir d’Schëff vun der Sandbänk opzehiewen, an zwar ouni et fir d’éischt mussen ze entlueden!

Dat kléngt awer ëmständlech ... huet et da funktionéiert?

Net wierklech! D’Erfindung ass ni ëmgesat ginn. Wahrscheinlech well et ze schwéier war fir d’Loftbehälter ënner Waasser ze drécken. Dem Abraham Lincoln säin Dram fir d’Schëffwelt ze revolutionnéieren ass also souzesoen an d’Waasser gefall!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Darley

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

 

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR