(c) Simon Cousins

15.05.1718: Zur Verteidegung huet den James Puckle d’Maschinnegewier erfonnt. Eng technesch Erausfuerderung fir déi deemoleg Zäit.

Vun engem mënschleche Standpunkt hir géife vill Leit sech wënschen, déi Erfindung wier ni gemaach ginn. Mee technesch gesinn wor den James Puckle senger Zäit viraus. Den Opbau an d’Struktur vun deenen eenzelne Stécker war esou komplizéiert, dass bal keen Handwierker den techneschen Knowhow hat fir se hierzestellen.

Wat war dann esou komplizéiert drun?

De Laf war op engem Trépied festgemaach an an de Revolver selwer konnts de 9 Kugele maachen. Mat Hëllef vun enger Kuerbel konnts de eng Kugel no där aner mam Laf alignéieren. Fir all Schoss hues de awer nach missen d’Polver dobäi maachen an ufänken. Dat kléngt ëmmer nach ëmständlech, mee du konnts ëmmerhin 3 Schëss pro Minutt feieren!

3 Schëss pro Minutt! Do has de jo nach Zäit fir dech ze verstoppen!

Jo, dat war awer schonn net schlecht fir 1718! Et war awer ni am Asaz an d’Leit ware relativ skeptesch. Trotzdem ass de Puckle als Papp vum haitege Maschinnegewier an d’Geschicht agaang. An en huet esou guer d’Erfindung vun der éischter mobiler Filmkamera erméiglecht! Déi nämlech op deem selwechte Prinzip baséiert.

Biller schéissen ass och bedeitend besser wéi mat Kugele schéissen...

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Simon Cousins

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

 

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR