fettiges Papier

© shotshop.com

Pabeier besteht aus Zellulose-Fasern an tëschent den Faseren sëtze Loftblosen.

Viru kuerzem hun ech mir eng Pizza mat op d’Aarbecht geholl. Dat war lecker. Ech hat e bëssen Olivenueleg op d’Tomaten gemaach an dobäi huet de Pabeier, ënnert der Pizza, vum Ueleg sou  duerchsiichteg Flecken kritt. Firwat?

Majo dat kënnt dohir well d’Fett kleng Loftblosen déi am Pabeier sinn, opfëllt. An d’Loftblosen déi ëmmer am Pabeier sinn verhënneren komescherweise datt d’Liicht gutt duerch de Pabeier geet. D’Gemësch aus Pabeier a Fett ass parkonter méi „liichtduerchlässeg“. Ganz transparent gëtt et jo net...

Wat geschitt dann, wann Liicht op de Pabeier fällt?

Pabeier besteht aus Zellulose-Fasern. Tëschent den Faseren sëtze d‘Loftblosen. Zellulose a Loft loossen Liicht ënnerschiddlech staark duerch. Stell dir also fir, e Liichtstral wandert duerch de Pabeier. Als éischt duerch en Zellulosefuedem, dann duerch d‘Loft, dann erem duerch Zellulose. Emmer sou weider. Dat ass en zimlechen Hin an Hir, well d’Liicht mat enger anerer Vitesse duerch d’Zellulose wandert wéi duerch d’Loft. Un all Grenz gëtt en Deel vum Liicht dowéinst an all Richtungen gestreet a geet also net gutt duerch. Normale Pabeier huet ganz vill vun dësen Zellulose-Loft-Grenzen. Dowéinst ass en och net duerchsiichteg.

A firwat ännert dat, wann de Pabeier fetteg gëtt?

Wann Ueleg op de Pabeier drëpst, verdrängt dat d’Loft zweschen den Zellulosefasern. Well Ueleg fir Liicht ähnlech duerchlässeg ass wéi Zellulose, sinn elo d’Grenzen manner markant. An der Physik schwätzt een vun engem Briechungsindex deen ähnlech ass. Dat bedeit, dass Liicht beim Iwwergang vun Ueleg op Zellulose vill manner gestreet gëtt. Uellegpabeier léisst also méi Liicht duerch a schéngt dofir méi transparent.

Et ass awer net wéi am Homer Simpson wou d’Mauer duerchsiichteg gëtt, wann een e fetteg Burger dru reiwt.

Duerchsiichteg oder liichtduerchschéngend?

Déi meescht fest Materialien sinn net duerchsiichteg, mee reflektéieren a streeën d’Liicht. Vill Flëssegkeeten dogéint sinn duerchsiichteg, e puer kloer, anerer faarweg. Och Glas gëlt als Flëssegkeet: déi nennt een „erstarrte Schmelze“. Duerchsiichteg ass eppes, wann een „duerchkucken“ an erkennen kann, wat hannendrun steet. Liichtduerchschéngend ass en Objet, deen zwar Liicht duerch léisst, mee den Objet hannendrun kann een awer net méi erkennen. Pabeier mat engem Uelegfleck ass liichtduerchschéngend, net duerchsiichteg, well d’Liicht beim Duerchgoen staark gestreet gëtt.

Nach méi Grenzen

Bei gudden Spektiver mat méi Lënsen gëtt d’Loft tëschend den Lënsen duerch eng Kontaktflëssegkeet ersetzt, déi Liicht ähnlech gutt laanscht léisst wéi en Lënsenglas. Och bei Kontaktlënsen mecht een sech den Phenomen zu Notzen: Dann suergt d’Tréinenflëssegkeet fir den perfekten Duerchbléck.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)
Foto: shotshop.com

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR