
Chatchai Kritsetsakul/Shutterstock
Déierenhaltung ass fir 15% vun eisen CO2 Emissioune verantwortlech.
E Porsche Cayenne ass jo net grad deen ökologeschsten Auto a produzéiert bal 300 Gramm CO2 pro Kilometer! Mee verglach mam CO2, dee bei der Hirstellung vu Fleesch entsteet, ass dat e Klacks!
Seriö? Duerch den Transport an d’Liwwerung vum Fleesch oder wéi?
Enner anerem, jo. D’Déierenhaltung ass fir 15% vun eisen CO2 Emissioune verantwortlech. De Baueren hir Maschinnen droen natierlech e groussen Deel dozou bäi, grad esou wéi den Transport vum Fudder fir eis Déieren, dat dacks aus Süd-oder Zentralamerika kennt.
An zemools d’Kéi produzéiere jo och vill Methangas ... deen ass jo och zimlech schiedlech, nee?
Genee, dee gëtt och geholl fir d’CO2-Emissiounen auszerechnen. Fir selwer esou vill Fudder wéi méiglech fir d’Déieren hierzestellen, gi meeschten extra nährstoffräich Planzen ugebaut. Leider verdauen d’Déieren déi net gutt a produzéieren dofir nach vill méi Methangas. De Methangas vun enger eenzeger Kou ass schonn esou schiedlech wéi d’CO2-Emissioune vun engem Auto während engem Dag!
Also: Wann der net kennt op de Büfdeck verzichten, da schmäisst iech wéinstens op de Vëlo a loosst de Porsche an der Garage! ;)
P.S.: D'Zuelen zu dëser Ausso fannt der an der Infobox.
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Chatchai Kritsetsakul/Shutterstock