(c) ajafoto/Shotshop.com

Wat iesse Mécken - ausser eis Glace?

Lo ass de Summer bal eriwwer, an dat eenzegt gutt dodrun ass dass déi vill Mécke lues a lues verschwannen. Firwat ginn et Mécken, sinn déi iwwerhaapt fir eppes gutt? Ausser dass se nerven?

Jo, Mécke sinn tatsächlech ee wichtegen Deel an den Nahrungskette vu verschiddenen Ökosystemer, wéi z.B. engem Séi oder Bësch. Hei gi si vu Vigel, Fräschen, Fliedermais a Spanne gefriess, oder hier Eeër a Larve ginn och vu Fësch gefriess, well d’Mécke leeën hir Eeër oft op enger Waasseroberfläch. Eng Nahrungsketten ass ee System wou d’Ernährung vun engem Liewewiese vun engem aneren ofhängeg ass.

Dat heescht ouni Mécken géifen all déi Déieren net iwwerliewen?

Bon, sou extrem wär et lo vläicht net, well Vigel a Fësch an och déi aner Déieren an dëser Nahrungsketten sech och nach vun anere Saachen ernähre wéi just vu Mécken a Méckeneeër. Mee mir hätte vläicht manner verschidden Zorte Vigel oder Fësch, well se net méi all genuch ze friesse fannen.

Dat heescht Mécke si just do fir gefriess ze ginn?

Ben, derbäi kann een nach soen, dass Méckelarven eng Funktioun hunn. Sie hëllefen z.B. derbäi, fir de Kakka vu gréisseren Déieren ze decomposéieren.

Ok, mee se nerven trotzdem. Kann een dann do näischt maachen fir dass mer zumindest manner Mécken hunn?

Dach, et kann een d’Ausbreedung vu Mécken mat biologesche Mëttel bekämpfen. Bei engem Séi kann een z.B. méi Fliedermais usidelen, déi d’Mécke friessen. Oder et kann een eng bestëmmten Zort Bakterien an d’Waasser ginn. Jonk Larven friessen des Bakterien, kënnen se awer net verdauen, a stierwen dodrun. Dat sinn kontrolléiert Moossnamen, déi d’Zuel vu Mécken reduzéiert, awer dem Ökosystem net schued, well d’Nahrungsketten net komplett ënnerbrach gëtt.

A wat iessen d’Mécken dann iwwerhaapt?

Dat hänkt vun der Zort of. Mécken sinn allgemeng éischter Vegetarier an ernähren sech vum Saaft vu Planzen oder Uebst, vu Bléiestëpps oder och vu verschiddene Pilzer.

Mee et sinn der awer och ëmmer erëm dobäi deenen eisen Dessert ze schmaache schéngt!
Weider Informatiounen zum Thema Nahrungsketten an och iwwert d’Fuerschung zu Lëtzebuerg fannt dir wéi ëmmer an der Infobox.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Alain Frantz (MNHN)
Photo © ajafoto/Shotshop.com

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Nahrungsketten

Eng Nahrungsketten ass ee System wou d’Ernährung vun engem Liewewiese vun engem aneren ofhängeg ass. Eng typesch Nahrungskette besteet aus: Planzen – Planzefriesser – 1. Fleeschfriesser – 2. Fleeschfriesser. Am Beispill vun de Mécke kéint dat esou ausgesinn: Planzesaaft/Bléiestëpps – Mécken – Vigel/Fësch. D’Vigel an d’Fësch kënnen dann och erëm vun aneren, méi groussen Déiere gefriess gi – oder beim Mënsch um Teller landen!

Ökosystem

Enner Ökosystem (vum griicheschen „oikos“ = Haus; „systema“ = verbonnen) versteet een e bestëmmte Liewensraum an der Natur an all Planzen an Déieren déi an deem Raum liewen. Beispiller vun Ökosystemer si Bësch, Séi, Wüst, oder Mier. An engem gesonden Ökosystem liewe vill verschidden Zorte Planzen an Déieren zesummen, an entwéckelen sech dauernd weider.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

De Jean-Michel Guinet aus dem Naturmusée interesséiert sech fir d’Biodiversitéit vun Insekten zu Lëtzebuerg. Hien mécht ënner anerem en Inventaire vun Planzewespen zu Lëtzebuerg. Wéi vill ginn et der, wou liewen se, a wéi gesäit dat am Verglach zu den Nopeschlänner aus?
Méi Informatiounen um Site vum MNHN.

Aussi intéréssant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Expérience Bois l'eau des arbres

Les arbres produisent l’oxygène que nous respirons, mais ils évaporent 200 fois plus d'eau. Il est possible de récupérer...

FNR