Verkleidungsparty

Kzenon (Adobe Stock)

Am Mëttelalter an an der Renaissance hunn d'Leit sech wärend der Fuesent verkleet, fir eemol ongestrooft déi streng gesellschaftlech Grenzen ze iwwerschreiden.

Geschwënn ass et erëm sou wäit. Da gëtt a verschiddene Regiounen op der Welt Fuesent gefeiert. Eng Particularitéit fënnt een awer iwwerall: D’Leit verkleeden sech. Firwat maachen se dat?

Psychologen erklären dat esou: D’Leit verkleede sech gär, well si esou mol aus hirer alldeeglecher Roll ausbrieche kënnen. Dës hu si sech am Laf vum Liewen zougeluecht – sief et duerch de Beruff, deen si gewielt hunn, oder doduerch, wéi si sech un hiert soziaalt Ëmfeld ugepasst hunn, also un d’Famill, un d’Frënn oder un d’Noperschaft.

Mee vill Leit wënschen sech zumindest heiansdo eng nei Roll oder en neit Verhalen auszeprobéieren. Eng Verkleedung ass heifir ideal: hannert enger Mask kann een sech gutt verstoppen. A vun anere Leit gëtt een net als dee wouergeholl, deen een ass, mee als een, deen een nomécht. Sou loossen sech, ouni Follge fir den eegene Ruff d’Reaktioune vum Ëmfeld op en ongewinnt Behuelen testen.

Mécht eng Verkleedung hemmungslos?

Net onbedéngt. Awer si hëlleft, perséinlech Hemmschwellen ze iwwerwannen. Wann een éischter schei ass, da kann e passende Kostüm Geleeënheete bidden, déi et engem méi liicht maachen aner Leit unzeschwätze. Wann een als Clown verkleet ass kann een zum Beispill mat anere Leit zesummen Dommheete maachen.

Virun allem Kanner hëlleft Verkleeden och, hiert Selbstbewosstsäin ze stäerken, verstoppten Talenter ze ënnersichen an Empathie ze entwéckelen – andeems se zum Beispill an d’Roll vun engem Filmstar oder engem Clochard klammen.

Léist sech aus dem gewielte Kostüm eppes iwwert de Charakter erausliesen?  

Mat esou Interpretatioune sinn d’Psychologe virsiichteg. Well et gi vill Grënn firwat een sech hannert enger bestëmmter Mask verstoppt. D’Wiel vum Kostüm ka weisen, wien ee gäre wär. Oder e soll Charaktereegenschafte betounen, déi ee souwisou huet. Heiansdo ass en awer och einfach zweckméisseg: wéi e waarme Plüschkostüm géint d’Keelt. A kreative Leit mécht et och vläicht Spaass, sech en originelle Kostüm afalen ze loossen oder selwer ze bastelen.

A firwat verkleede verschidde Leit sech dann net sou gär?  

Dat ka ganz vill verschidde Grënn hunn: Leit déi éischter introvertéiert sinn, wëlle vläicht keng Opmierksamkeet op sech lenken oder fillen sech net wuel dobäi, an eng aner Roll ze schlüpfen. Fir Leit vun anere Kulture kann et och ongewinnt sinn, sech ze verkleeden. A verschidde Leit hu ganz einfach kee Spaass um Verkleeden oder wëlle keng Sue fir e Kostüm ausginn, deen se vläicht just eng Kéier oder just eemol am Joer undinn.

Gëtt et zu deem Thema dann och Fuerschung?

Mir hu keng Fuerschungsequippe fonnt déi sech nëmme mam Thema Kostümer am Kontext vun der Fuesent beschäftegt. Awer Du kenns dach bestëmmt de Sproch „Kleider machen Leute“. An dat ënnersichen och eng Rei Fuerscher: wéi een Effekt bestëmmte Kleeder op d’Behuele vu Leit hunn. Sou hu Fuerscher z. B. schon 2012 an engem vill zitéierten Experiment erausfonnt, datt Participanten, déi eng wäiss Schipp unhaten, méi opmierksam bei enger Aufgab waren, wéi déi déi keng Schipp unhaten. Da weess de lo, firwat ech ëmmer meng Schipp unhunn – Fuerschung ass spannend, oder?  

Ursprong vu Fuesent a Kostümer

 

Verkleeden huet an der Geschicht eng laang Traditioun. Sou hu sech vill Leit a ville Regioune scho viru Joerhonnerte rituell Maskarade wéi Haren opgesat, fir d'Dämone vum Wanter ze verdreiwen an déi gutt Fréijoers-Geeschter unzelackelen. Am Mëttelalter an an der Renaissance hunn d'Leit sech wärend der Fuesent verkleet, fir eemol ongestrooft déi streng gesellschaftlech Grenzen ze iwwerschreiden. Eppes Ähnleches gouf et och bei de Réimer: um Festdag zu Éiere vum Akerbau-Gott Saturn hu si hir sozial Uerdnung op d'Kopp gehäit, andeems d'Bierger d'Roll vun de Sklaven ugeholl hunn.

 

Wann Déiere sech verkleeden

 

Wat bei Mënschen e witzegt Rollespill ass, kann am Déiereräich eng Fro vum Iwwerliewe sinn. Well och Déiere verkleeden sech, zum Beispill andeems se sech op raffinéiert Aart a Weis tarnen. Sou verstoppe si sech viru Feinden - oder kommen als Jeeër méiglechst onbemierkt un hir Beute erun. Donieft trickse vill Déieren aner Déieren duerch e schlaue Kostüm aus. Ee Beispill ass d'Sträifemuster vun Zebraen. Déi wëll Päerd maachen et sou engem Léif deen ugräife well schwéier, en eenzelt Zebra ze erkennen. En anert Beispill ass d'Wollefsspann, där hiert Hell-Donkel-Muster sech kaum vun engem Bamstamm ënnerscheede léist. Oder Stabheesprénger, déi wéi dier Äscht ausgesinn. Nach méi duerchdriwwen ass de Karnevalsftëntefësch. Hee kann seng Figur sou veränneren, dass e wéi en anert Déier ausgesäit - zum Beispill wéi eng Séischlaang oder e Plattfësch. Aner Déiere verkleeden sech extra faarweg - zum Beispill, fir dat anert Geschlecht op sech opmierksam ze maachen. So setze männlech Stackinten an der Paarungszäit eng Kroun aus gréngen, blénkege Fiederen op. Feilgëftfräschen dogéint signaliséieren duerch eng grell liichtend Faarf, dass si gëfteg sinn - a verdierwe potenzielle Feinden esou den Appetit.

Nott vun der Redaktioun: Dësen Artikel ass eng liicht ugepasste Versioun vun dësem Artikel:

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher (ausser Abschnitter “Firwat verkleede verschidde Leit sech net sou gär?“ an „Gëtt et zu deem Theema dann och Fuerschung?“  Auteur: Michèle Weber (FNR))
Editeur an Iwwersetzerin: Michèle Weber (FNR)

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR