shotshop.com

Fangerofdréck vun Zwillingen sinn ënnerschiddlech.

Fangerofdréck gi jo dack benotzt fir een z‘identifizéieren. Bei der Police zum Beispill. Mee eeneeëg Zwillinge misste jo awer déi selwecht Ofdréck hunn, nee?

Hunn se awer net! Se si bal d’selwecht, a mam bloussen A gesäit een den Ënnerscheed mol net ëmmer. Mee hautdesdaags ginn déi vu Computerprogrammer analyséiert a mat enger Datebank verglach ... an déi fannen dee klengsten Ënnerscheed!

Dat heescht d’Fangerofdréck sinn net genetesch bedéngt? Soss missten se jo awer déi selwecht hunn!

D’Gene spillen awer eng ganz grouss Roll. Dofir sinn eis zwee Fangerofdréck jo total verschidden, an Zwillingen hir gläiche sech awer vill. Während Entwécklung vum Puppelche sinn nämlech nach e ganze Koup Saachen, déi d’Form vun de Fangerofdréck kenne beaflossen. Wéi zum Beispill wann ee Puppelche mat de Fanger oder den Hänn op d’Gebärmutter dréckt. Dofir sinn den Zwillingen hir Fangerofdréck ni genee d’selwecht! 

Dann haten se awer Chance! Soss kéint et jo mol virkommen dass ee fir deen aner muss an de Prisong goen. Mee ausser fir eis z‘identifizéieren ... firwat sinn se eigentlech gutt?

Ah dat ass ëmmer nach e Rätsel! Vill Leit mengen et wier fir méi Gripp beim Upaken ze hunn, sou wéi de Profil vun engem Pneu. Mee dat stemmt awer net! Verschidde Fuerscher mengen dass et d’Haut beschützt, well se méi flexibel ass. Anerer mengen et giff d'Gefill an de Fangerspëtze verbessert. Mee wéi och ëmmer, an eppes sinn se sech eens:  liewenswichteg sinn se sécher net!

Dat ass awer krass! Wann ee bedenkt dass déi 7 Milliarde Mënschen op der Welt, plus nach e puer 100 Milliounen déi virun eis gelieft hunn, all aner Fangerofdréck hunn! An dobäi sinn se fir näischt gutt!

Text: Corinne Kroemmer
Photo © shotshop.com

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Et ginn och Leit ouni Fangerofdréck

Dat ass awer éischter selten. Mee d’Fuerscher hu viru kuerzem eng Mutatioun bei de Mënschen entdeckt, bei där d'Puppelcher ouni Fangerofdréck op d’Welt kommen. Bis zu deem Zäitpunkt hunn se déi Mutatioun awer nëmmen a 5 Familljen op der ganzer Welt fonnt.  Dofir sinn d’Fuerscher sech sécher, dass d’Genen ausschlaggebend si fir d’Fangerofdréck. D’Ëmstänn an d‘Beweegungen an der Gebärmutter sinn zweetrangeg a brénge just kleng Verännerunge mat sech.

Kriminell Zwillingen

Ier d’Fangerofdréck am Ufank vum 20ste Jorhonnert hier Plaz an der Forensik fonnt hunn, ass natierlech alt emol dee falschen Zwilling an de Prisong gewandert! Deemools war d’Identifizéieren op eng Rei physesch Mierkmoler baséiert, wéi zum Beispill d’Gréisst, d’Distanz vum Ielebou bis un d’Spëtzt vum Mëttelfanger, d’Gréisst vum Ouer, an esou weider. Mee domatter ënnerscheed een nun emol keng eeneeëg Zwillingen!

Trotz den DNA-Prouwen vun hautdesdaags sinn d’Fangerofdréck nach ëmmer grad esou wichteg. Zwillingen hunn nämlech déi selwecht DNA, mee net déi selwecht Fangerofdréck!

2008 gouf den Donald Smith an Amerika fir de Mord un enger Spillschoulsjoffer verhaft an ugeklot. Obwuel d’Beweiser erdréckent waren, huet hien op seng Onschold bestan. Et goufen eng Rei Zeien, déi hien um Tatort gesinn haten, a seng DNA war iwwerall verbreet! Den Donald huet  awer weiderhi behaapt, hie wier onschëlleg, mee vläit hätt säin Zwillingsbrudder eppes domat ze dinn. An tatsächlech: d'Fangerofdréck déi se um Tatort fonnt hunn, waren net dem Donald seng, mee sengem Zwillingsbrudder Ronald seng!

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

D’Fuerschung rondrëm d’Fangerofdréck ass éischter e klenge Fuerschungsberäich, mee e ganz wichtegen, fir allem fir d’Police. Dofir treffen d’Fuerscher an d’Leit aus forenseschen Policedepartementer vun der ganzer Welt sech regelméisseg fir iwwert hier Projeten ze schwätzen. Zum Beispill um „International Fingerprint Research Group Meeting“ oder um „International Symposium on Fingerprints“ vun Interpol. An et bleiwen nach eng ganz Rei Froen op! Wei zum Beispill: Verännere Fangerofdréck sech mat der Zäit? Wéi kann ech se analyséieren ouni se ze veränneren oder futti ze maachen? Wéi een Afloss hu Chemikalien? Veränneren d’Fangerofdréck sech am Laf vum Liewen? Wéien Afloss hunn Drogen a Krankheeten op Fangerofdréck?

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Säit der Entdeckung vun der Struktur vun eiser DNA am Joer 1953 sinn d’Fuerscher domat beschäftegt, fir eis Genen ze studéieren. An zwar net nëmmen hier Sequenz, mee och wéi se eise Kierper an eis Gesondheet beaflossen. Mee am Laf vun de Joren ass et däitlech ginn, dass d’Genen eis net eleng ausmaachen, mee dass nach eng ganz aner Rei vu Faktore matspillen. Saachen ewéi Stress oder Ernierung kennen nämlech beaflossen, wéi e Gene ausgedréckt gëtt a wéi en eis schlussendlech beaflosst! D’Form vun eise Fangerofdréck ass just ee vun dëse Beispiller, wou eist Ëmfeld eis Gene beaflosst. D’Departement „Immunologie“ ass eng Zesummenaarbecht vum Luxembourg Institute of Health (fréier CRP-Santé) an dem Staatslabo (Laboratoire National de Santé – LNS), ënnert der Leedung vum Dr. Claude Muller. Zesumme mat senger Equipe beschäftegt hie sech mat der Fro, wéi Stress, Ernierung an aner Faktore Gene beaflossen, déi fir eisen Immunsystem zoustänneg sinn. Doduerch wäerten d’Fuerscher verschidde Krankheete besser verstoen, a méi efficace Medikamenter oder Behandelunge kennen entwéckelen.

Aussi intéréssant

Le pouvoir des femmes au Laboratoire national de santé Elizabet Petkovski : biologiste à la recherche de la vérité

Le Laboratoire national de santé (LNS) présente trois chercheuses issus de ses services de médecine légale et de microbi...

LNS
Journée internationale de l'épilepsie L’épilepsie, une maladie neurologique aux multiples facettes

Une crise d’épilepsie se traduit par une activité électrique anormale du cerveau. Connait-on les causes de cette maladie...

PISA Summerchallenge 2019 Liewe wéi an der Steenzäit

Wéi hunn d'Mënsche virun 8000 Joer am haitege Lëtzebuerg gelieft? Wéi eng Spueren hu si eis iwwerliwwert? D'Pisa Team wa...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR