Erënnerungsfotoe vun alle Gebuertsdeeg, déi sinn dem Gebuertsdagskand vun haut ze verdanken! De George Eastman, de Grënner vu Kodak, bléist haut 159 Käerzen aus.

"Vakanzefotoen! Dat ass dach mol eng gutt Iddi”, huet de George Eastman sech gesot. Leider hat e Fotoapparat deemools nach d’Gréisst vun enger Mikrowell a war nach bal net ze bezuelen! D’Iddi, dass jiddereen no Loscht a Laun kéint  knipsen, huet den Eastman dozou inspiréiert, fir opgerullte Fotosfilmer ze erfannen. Mat 30 Joer huet e säin éischte Rullfilm patentéiert, mat 34 säin éischte Fotosapparat a mat 38 huet e Kodak gegrënnt fir standardiséiert Fotosmaterial a Massen ze produzéieren.

Mat de ville Suen, déi en domat verdéngt huet, konnt en ni eppes ufänken. Well en net bestuet war oder Kanner hat, huet en se fir gutt Zwecker gespent. Iwwer 100 Milliounen Dollar huet hien un d’lokal Uni an den MIT, d’Massachussetts Institute of Technology, gespent, haut eng vun de beschten technesche Schoulen op der Welt.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech op d'Iessen owes ze verzichten? Gutt méiglech, seet de Mr. Science.

FNR
Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR