Zecken

Adobe Stock

Zecke gëtt et schonn extreem laang op der Äerd – säit ongeféier 350 Millioune Joer.

Et sollt ee sech grondsätzlech virun Zecken an Uecht huelen. Dës kleng Spannendéieren iwwerdroe méi wéi eng Dose verschidde Krankheeten, déi eiser Gesondheet zimmlech schuede kënnen. Wéi geféierlech Zecken tatsächlech sinn, hänkt awer ganz dovun of, wou een hinne begéint. Si kënnen zum Beispill e Virus iwwerdroen, deen d'Fréisummer-Meningoenzephalitis (FSME) ausléist - eng Hirnhautentzündung. Lëtzebuerg gëllt awer net als FSME-Risikogebitt. A bis elo gouf och nach kee Fall vun FSME zu Lëtzebuerg gemellt. A verschidden däitschen a franséischen Nopeschregioune gesäit et awer anescht aus.  

Bekannt ass och d'Lyme-Borreliose. Dat ass eng Krankheet, déi vu Bakteerië verursaacht gëtt. Am schlëmmste Fall féiert se zu enger chronescher Schiedegung vum Nervesystem, vum Häerz a vun de Gelenker. An d'Lyme-Borreliose kann ee sech och zu Lëtzebuerg mat engem Zeckestach afänken. 16% vun den zu Lëtzebuerg ënnersichten Zecke si mam Borreliose-Erreeger infizéiert an all Joer ginn ongeféier 100 Verdachtsfäll gemellt. A Studien aus Däitschland an der Schwäiz konnt allerdéngs nëmme bei 2,6 bis 5,6% vun de  Persounen no Zeckestéch eng Infektioun nogewise ginn. An nach manner hate Krankheetssymptomer, nämlech 0,3 bis 1,4% vun de Gepickten. Trotzdeem: Looss Zecken am beschten einfach net un dech erukommen. 

Wéi schützen ech mech dann am beschte virun Zecken? 

Andeem s du hinnen esou wéineg wéi méiglech plakeg Haut weis: Laang Boxen, T-Shirte mat laangen Äerm an zoue Schong sinn déi richteg Kleedung, wann s du am héije Gras an am Gestrëpp ënnerwee bass. Am beschte sprays du dech och nach mat engem Insektespray an. A ganz wichteg: Nom Ausfluch muss du däi ganze Kierper no Zecken ofsichen. Grad do, wou d'Haut mëll a waarm ass – zum Beispill hannert den Oueren, ënnert den Äerm an am Genitalberäich. 

An iwwregens: Zecke sinn net nëmmen am Summer aktiv, mee schonn ab enger Baussentemperatur vun 8 Grad, a se lauere virun allem no beim Buedem. Si sëtze besonnesch gär a fiichte Grieser a Straich.  

Huet d'Fuerschung da schonn eppes géint d'Gefor entwéckelt, déi vun den Zecken ausgeet? 

Jo, et gëtt eng Impfung géint FSME. Den Impfstoff enthält doudeg Viren, déi d'Krankheet net méi ausléise kënnen. No der Impfung produzéiert den Immunsystem Antikierper. Dat sinn Ofwierstoffer, déi bestëmmt Bestanddeeler un der Uewerfläch vun FSME-Viren erkennen. Wa se duerch en Zeckestach – Zecken bäissen net, mee picken – an de Kierper andréngen, erkennen d'Antikierper d'Viren a léisen eng Immunreaktioun aus. D'Vire ginn dann onschiedlech gemaach. 

A géint déi aner bekannt Krankheet gëtt et do och eng Impfung? 

Géint d'Lyme-Borreliose gouf et scho mol eng Impfung. Well et net genuch Nofro gouf, wat ënner anerem op Impfskepsis zeréckzeféieren ass, huet den Hiersteller SmithKline Beecham (elo GlaxoSmithKline) d'Produktioun 2002 awer gestoppt. Am Moment ginn zwee Impfstoffer géint Lyme-Borreliose entwéckelt. Deen een Impfstoff vun de Firma Pfizer a Valneva gëtt schonn op Mënsche getest. Een aneren Impfstoff vun der Firma MassBiologics ass nach net grad sou wäit; mee domat sollen awer och geschwë klinesch Studien ulafen. Et bleift also spannend an der Fuerschung! 

Infobox

Zecken – Aussergewéinlech Déieren 

Zecke gëtt et schonn extreem laang op der Äerd – säit ongeféier 350 Millioune Joer. Bis et déi éischt Dinosaurier gouf, huet et vun do un nach 100 Millioune Joer gedauert! Dës kleng Spannendéiere sinn deementspriechend gutt un hir Ëmwelt ugepasst a immens resistent. Wien zum Beispill ze bequeem ass, fir seng Kleeder no Zecken ofzesichen a se einfach an d'Wäschmaschinn stécht, fillt sech iertemlecherweis sécher. Eng Zeck iwwerlieft ouni Problem eng Wäsch bei 40 Grad. Zecken ass ee réischt ab 60 Grad lass. A Waasser hëlt se mat lénks: Zecke kënnen et bis zu enger Woch ënner Waasser aushalen. Et ass iwwregens och keng gutt Iddi, seng Box am Tifkülfach vum Frigo ze "entzecken". Déi kleng Plogeeschter hale minus 10 Grad aus. Da muss et schonn en Tifkülfach mat minus 20 Grad sinn. Fantastesch ass awer d'Fäegkeet vun Zecken, Honger auszehalen. Wa se sech eemol richteg mat Blutt vollgesaugt hunn, kënne se bis zu zéng Joer ouni eng aner Molzecht iwwerliewen – zumindest am Labo. An der Natur lieft de “gemeiner Holzbock", wéi d'Zeck ganz korrekt heescht, ongeféier dräi bis fënnef Joer. 

Impfe géint Zeckekrankheeten 

En éischten Impfstoff géint den FSME-Virus gouf schonn 1937 an der Sowjetunioun entwéckelt – en hat awer vill Niewewierkungen. Säit Mëtt de 1970er Jore gëtt et e modernen Impfstoff géint FSME-Viren, dee sech weesentlech besser verdréit. Dobäi handelt et sech ëm en Dout-Impfstoff: A Kulture vun Zellen aus Hénger-Embryoe gëtt de Virus multiplizéiert, geernt, mat Formaldehyd zerstéiert a weider preparéiert. Den Impfstoff gëtt an d'Ueweraarmmuskulatur gesprëtzt a bewierkt d'Bildung vun Antikierper. Se si géint déi dräi Subtyppe vum FSME-Virus aktiv. 

Dräi Impfunge si fir den Opbau vum Impfschutz noutwenneg: Ee bis dräi Méint no der éischter Impfung gëtt déi zweet Impfdosis administréiert. Jee nodeems wéi een Impfstoff benotzt gouf, ass dann no 5 bis 12 bzw. 9 bis 12 Méint nach eng Impfdosis néideg. 

Och géint d'Lyme-Borreliose gouf et scho mol eng Impfung. Den Impfstoff LYMErix vu Smithkline Beecham (elo GlaxoSmithKline) huet 1990 op Basis vun erfollegräiche klinesche Studien eng Zouloossung vun der FDA an den USA kritt. Dësen Impfstoff huet op eng eenzegaarteg Aart a Weis funktionéiert: Wann eng geimpft Persoun vun enger Zeck gepickt gouf, huet se mat där hirem Blutt Antikierper géint d'Borreliose-Bakteerien opgeholl. Dës Antikierper hunn dann d'Borreliose-Bakteerien an der Zeck zerstéiert, éier dës se iwwerhaapt un de Mënsch konnt weiderginn.   

Den Impfstoff konnt sech awer net um Marché duerchsetzen. Ënner anerem, well et no der Zouloossung Bedenke gouf, dass duerch Boostere Laangzäit-Niewewierkungen optriede kéinten, déi de Symptomer vun der Borreliose änelen. Wëssenschaftler hunn dës Bedenken eescht geholl, mee konnten awer a spéidere Studie keng wëssenschaftlech Beweiser dofir fannen. An der Tëschenzäit haten Anti-Impf-Campagnen awer dem Ruff vum Impfstoff sou staark geschuet, dass den Hiersteller d'Produktioun 2002 wéinst mangelnder Nofro gestoppt huet. Et kann een nëmmen hoffen, dass d'Impfstoffkandidaten, déi Pfizer/Valneva bzw. MassBiologics grad testen, besser acceptéiert ginn, wa se eng Zouloossung kréien.  

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender 
Editeur: Michèle Weber (FNR) 
Iwwersetzerin: Kim Dieschbourg 

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Aussi intéréssant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Nouvelle approche d'immunothérapie L'allergie au chat : des niveaux élevés d'adjuvant renforcent la tolérance immunitaire et atténuent les symptômes allergiques

Des chercheurs du LIH ont proposé une nouvelle approche thérapeutique pour traiter l'allergie sévère au chat qui pourrai...

LIH
Gagnant du Concours National Jonk Fuerscher Beerobot : un successeur des pollinisateurs

Que se passe-t-il après la disparition des abeilles ? Gonçalo Rafael Fonseca Correia invente un robot qui pourrait repre...