Hühnerei

Adobe Stock

Kann een den Hénger ofgesinn, wat fir eng Eeër se leeë wäerten?

Rout, gréng, blo Eeër – fir Ouschtere sinn d'Hénger jo richteg Kënschtler. Mee lo mol seriö: Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong, Mister Science?

D'Ee kritt seng fest Schuel am Leedaarm vun den Hénger. Se besteet haaptsächlech aus Kallek an ass fir d'éischt mol wäiss. Mee jee no Héngerrass sammele sech rout Pigmenter aus dem Blutt a giel Pigmenter aus de Faarfstoffer vun der Gal am Kallek un a vermëschen sech zu engem bronge Faarftoun. Et steet also an den Hénger hire Genen, ob se wäiss oder brong Eeër leeën. Mat der Faarf vun hirem Fiederkleed huet dat iwweregens näischt ze dinn.

Schued. Kann ech den Hénger trotzdeem ofgesinn, wat fir eng Eeër se leeë wäerten?

Dat kann een hinnen tatsächlech ofgesinn – zumindest, wann se rengrasseg sinn. D'Natur huet nämlech verschiddenen Héngerrassen d'Faarf vun den Eeër hannert d'Ouere geschriwwen. Do hunn d'Déiere kleng Hautfalen, Ouerscheiwen oder Ouerläppercher genannt. Wann dës wäiss sinn, leeën d'Hénger normalerweis wäiss Eeër. Wann dës awer rout sinn, dann ass d'Eeërschuel brong. D'Hénger halen sech allerdéngs net all un dës Reegel. Den Hybriden, also de Kräizunge vu verschiddene Rassen, gesäit een d'Eeërfaarf zum Beispill net un den Hautfalen of. An da gëtt et och nach Héngerrassen, déi gréng Eeër leeën. Araucana-Hénger hu Fiederbommelen un hiren Hautfalen a leeën hellgréng Eeër.

An huet d'Faarf vun der Schuel och en Afloss op den Inhalt vum Ee?

Nee, d'Faarf vun der Schuel huet weder Afloss op d'Närstoffer nach op de Goût. An d'Faarf vum Dueder hänkt och net vun der Kalleksschicht of, mee vum Fudder vun den Hénger. Also: egal ob wäiss, brong oder gefierft Ouschtereeër: loosst iech se gutt schmaachen!

Infobox

Kannererzéiung outgesourct: de kuriéise Fall vun de Guckuckseeër

Wann et ëm Faarf a Muster vun hiren Eeër geet, hunn d'Vigel am Laf vun der Evolutioun eng magistral Kollektioun erschaf (cf. Infobox "Dofir si verschidde Vugeleeër vun Natur aus faarweg"). Dobäi gëtt et een ënnert hinnen, deen se all imitéiere kann: de Guckuck. De Vugel, deen ongeféier esou grouss ass wéi eng Dauf, huet nämlech d'Kannererzéiung outgesourct. Hie leet säin Ee an d'Nascht vun anere Vigel an iwwerléisst hinnen d'Bréien an d'Grousszéie vu senge Klengen. Dat nennt sech "Brutparasitismus" a geet fir den Nowuess vun de Fleegeeltere schlecht aus. De frëschgeschlëpfte Guckucksklenge weess nämlech, dass en déi ganz Opmierksamkeet vu sengen Ernärer brauch a schmäisst seng Stéifgeschwëster relativ séier aus dem Nascht.

Dofir kann een et dem Routschwanz, dem Gielemännchen, dem Maiskinnek a wéi se nach all heeschen net iwwel huelen, dass se e Guckucksee aus hirem Doheem erausgeheien, soubal se eent entdecken. De Guckuck muss deem virbeugen, dofir gläicht säin Ee deem vun den zukünftege Fleegeeltere wéi eng Drëps där anerer. Hie benotzt souguer déi selwecht Faarfstoffer. Wëssenschaftler no läit den Trick an der Spezialiséierung: Guckucksweibercher sichen sech nämlech d'Vugelaart aus, vun där si selwer deemools groussgezu gi sinn. Dës Prägung betrëfft dobäi nëmmen d'Weibercher a gëtt also vun der Mamm un d'Duechter weiderginn. De Rescht mécht d'Evolutioun. Weibercher, déi déi friem Eeër besonnesch gutt imitéiere kënnen, erhéijen esou d'Iwwerliewenschancë vun hirem Nowuess a kënnen domat hire genetesche Patrimoine effektiv weiderginn.

Dofir si verschidde Vugeleeër vun Natur aus faarweg

Eeërschuelen hunn eng wichteg Aufgab. Se sollen hire wäertvollen Inhalt schützen, bis dat klengt Liewewiesen aus dem Ee schlëpft. Se bestinn dofir normalerweis aus robustem Kallek an deen ass zunächst emol wäiss. Verschidde Vigel beloossen et och dobäi; zum Beispill vill Dauwenaarten, déi hiren Nowuess an Hielen ausbréien oder verschidden Eilen, déi huel Beem als Kannerzëmmer benotzen. Faarwe géifen dann am Däischteren onsiichtbar bleiwen. Wäiss huet och e grousse Virdeel a waarme Géigenden. Et reflektéiert méi Sonneliicht an d'Eeër iwwerhëtzen dann net esou. Fir Vigel aus kale Géigenden ass dat heiansdo en Nodeel. Dofir hu sech Verschiddener am Laf vun der Evolutioun eng donkel Schuel fir d'Kannerzëmmer zougeluecht.

An deem, deen no um Buedem bréit, kënnt Faarf um Kallek wéi geruff. Wéinst Sprinselen a Flecken an äerdegen Téin entginn esou munnech Eeër hongerege Raiber nämlech. Et geet och faarweg. Ënnert den Eeër vu verschiddenen Aarte vu südamerikanesche Stäisshénger ginn et bal all d'Faarwen aus dem Reebou. Se blénken net nëmme schéi blo oder gréng, mee och mof, giel oder purpurrout. Firwat? Doriwwer rätselt d'Wëssenschaft haut nach. Eng méiglech Erklärung: Opfälleg Faarwe solle Raiber villäicht warnen, dass den Inhalt hinne schlecht bekomme kéint.

Esou kënnt d'Faarf op d'Ee

Speziell Pigmenter, déi d'Vigel an der Schuel usammelen, si fir d'Faarf verantwortlech. E Pigment heescht z. B. Biliverdin. Fräi iwwersat heescht dat "Galgréng" an ass en Ofbauprodukt vum Bluttfaarfstoff Hämoglobin. Et gëtt an der Gal gebilt a liwwert de Gréngundeel fir d'Eeërschuelen. D'Hämoglobin selwer, méi genee gesot seng Virleefersubstanz Protoporphyrin, gëtt de rouden Undeel. Déi verschidde Verfierwunge kommen engersäits duerch déi ënnerschiddlech Mëschungsverhältnisser vun de Faarfpigmenter zustan. Anerersäits hänkt et awer och dovun of, wéi vill dovun an deene verschiddene Schichte vun der Eeërschuel ugesammelt gëtt. An déi Musteren, déi verschidde Vigeleeër dekoréieren? Flecken oder Sträifen entstinn, wann d'Ee sech beim Fierwungsprozess lues weiderbeweegt. Fir Pinktelcher verharrt et par contre wärend der Pigmentéierung.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
  • Brade, Wilfried (Hg.) (2008): Legehuhnzucht und Eiererzeugung. Empfehlungen für die Praxis. Johann Heinrich von Thünen-Institut. Braunschweig: Johann Heinrich von Thünen-Institut (Landbauforschung Sonderheft, 322). Online disponibel ënner https://literatur.thuenen.de/digbib_extern/dk040953.pdf, lescht Iwwerpréiwung de 14.03.2021.
  • Helm, Barbara (2008): Warum ist die Schale von Hühnereiern weiß oder braun? wissenschaft im dialog. Online disponibel ënner https://www.wissenschaft-im-dialog.de/projekte/wieso/artikel/beitrag/warum-ist-die-schale-von-huehnereiern-weiss-oder-braun/, lescht Aktualiséierung den 29.04.2008, lescht Iwwerpréiwung de 14.03.2021.
  • Verhoef, Esther; Rijs, Aad (2001): Hühner-Enzyklopädie. Alles, was Sie über die Pflege, Unterbringung, Zucht und Fütterung von Hühnern wissen müssen; mit ausführlichen Beschreibungen von über 100 Rassen. Utting: Ed. Dörfler im Nebel-Verl. (Fauna & Flora).
  • Igic, Branislav; Cassey, Phillip; Grim, Tomás; Greenwood, David R.; Moskát, Csaba; Rutila, Jarkko; Hauber, Mark E. (2012): A shared chemical basis of avian host-parasite egg colour mimicry. In: Proceedings. Biological sciences 279 (1731), S. 1068–1076. DOI: 10.1098/rspb.2011.1718.
  • AVILÉS, JESÚS M.; MØLLER, ANDERS P. (2004): How is host egg mimicry maintained in the cuckoo (Cuculus canorus)? In: Biological Journal of the Linnean Society 82 (1), S. 57–68. DOI: 10.1111/j.1095-8312.2004.00311.x.
  • Gibbs, H. L.; Sorenson, M. D.; Marchetti, K.; Brooke, M. D.; Davies, N. B.; Nakamura, H. (2000): Genetic evidence for female host-specific races of the common cuckoo. In: Nature 407 (6801), S. 183–186. DOI: 10.1038/35025058.
  • Schläpfer, Kurt; Schläpfer, Béatrice (2007): Vogeleier und ihre Farben. Online disponibel ënner http://www.schmitz-scherzer.de/medien/medium95.pdf, lescht Iwwerpréiwung de 14.03.2021.
  • Birkhead, Tim (2016): The most perfect thing. Inside (and outside) a bird's egg. 1. ed. London: Bloomsbury.
De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi intéréssant

Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Gesondheetsschutz Wéi geféierlech sinn Zecken?

Zecken iwwerdroe Krankheeten. Mee: Et kann ee sech mat einfache Mëttele géint Zeckestéch schützen. Och d'Fuerschung entw...

FNR
Nouvelle approche d'immunothérapie L'allergie au chat : des niveaux élevés d'adjuvant renforcent la tolérance immunitaire et atténuent les symptômes allergiques

Des chercheurs du LIH ont proposé une nouvelle approche thérapeutique pour traiter l'allergie sévère au chat qui pourrai...

LIH

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR