
Steven Depolo
Kann e Blëtz vun 28.000 °C eng réi Mettwurscht an enger Sekonn grillen?
Typesch Fro fir d’Grillsaison: Wat geschitt mat enger réier Mettwurscht, wann de Blëtz dra schléit? Ass se da perfekt gebroden oder total verkuelt?
Ech kréien dës Fro bei quasi all Grillfest gestallt an dofir versichen ech mol eng Äntwert ze ginn! Ech mengen nämlech net, dass schonn e Fuerscher dat do serieux ënnert d’Lupp geholl huet! Do kann ee just kucke wat an ähnleche Situatioune mat Fleesch geschitt, an dann eng Hypothees iwwert d’Mettwurscht opstellen!
Wat wier dann deng Hypothees?
Also, e Blëtz ass jo enorm waarm! Deen huet lacker 28.000 °C! Do kéint ee jo lo spontan mengen d’Mettwurscht misst verkuelen.
Mee looss mech roden: dat ass net esou!
Ech mengen net! Et gi jo reegelméisseg Leit vum Blëtz getraff, an déi hu just ganz siele Verbrennungen. A wann, da sinn se just iwwerflächlech! An zwar well de Blëtz jo just e puer Millisekonnen dauert, an dat geet net duer fir déi enorm Hëtzt op de Kierper ze iwwerdroen!
Mengs de dann d’Mettwurscht géif iwwerhaapt waarm ginn?
E bësse vläit! Zemools wann se um Grill läit oder mat enger metalle Grillzaang a Kontakt ass. Metall ka vill méi séier Hëtzt ophuelen a gëtt och banne Millisekonne méi waarm wéi d’Mettwurscht! An déi Hëtzt kann sech dann och op d’Mettwurscht iwwerdroen, awer nëmmen esou laang bis d’Metall erëm ofgekillt ass. Ech mengen also dass d‘Mettwurscht, wann se um Grill läit an de Blëtz dra schléit, bausse schéi Grillsträife kritt, mee bannendran nach hallef réi wäert sinn!
Et huet also net vill Sënn, sech bei engem Donnerwieder mat der Mettwurscht erauszestellen, an der Hoffnung de Blëtz géif se schéi broden! Weider Informatioune fannt der wéi ëmmer an der Infobox!
Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Steven Depolo