(c) US DOT symbols

De 26. Juni 1886 huet de franséische Chemiker Henri Moissan et endlech fäerdeg bruecht, d’chemescht Element “Fluor” ze isoléieren! Eng grouss Entdeckung un där méi wéi ee gescheitert ass.

Wéi dann dat?

D’Aarbecht vun de Chemiker war deemools immens geféierlech. Si hunn nämlech dacks mat neie Chemikalie geschafft vun deenen se absolut näischt woussten. Sou wéi zum Beispill mat Fluor, e giel-grénge Gas, deen extrem reaktiv ass: Fluor explodéiert wann e mat Waasser a Kontakt kënnt an zerstéiert beim Anootmen d’Schläimhaut. Eng ganz Rei Chemiker, déi probéiert hu Fluor ze isoléieren, hunn hir Aarbecht entweder mat hirer Gesondheet oder souguer mat hirem Liewe bezuelt: si ginn haut nach als “Fluor Märtyrer” bezeechent. Den Henri Moissan huet seng Aarbecht awer iwwerlieft an ass 20 Joer méi spéit mam Nobel Präis fir seng Entdeckung belount ginn.

Ma wéi dann, Fluor kann dach net esou geféierlech sinn? Se maachen es dach an d’Zahnpasta!

Fluor Gas ass extrem geféierlech. An an der Zahnpasta ass glécklecherweis kee renge Fluor dran, mee eng Fluorverbindung, an zwar Fluorid Salz. Op der Verpackung gëtt dat leider als Fluor ofgekierzt, wat falsch ass, well renge Fluor chemesch gesinn näischt mat enger Fluorverbindung ze dinn huet.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch a Jerry Wagener
Foto © US DOT symbols

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

 

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR