shotshop.com

Riicht aus fueren ass eigentlech e permanent Falen oder Zickzackfueren.

Um Vëlo d'Gläichgewiicht ze halen ass einfach - zumindest wann ee fiert. E Nolauschterer huet eis gefrot: Firwat een um Vëlo am Stand ëmfält mee während dem Fueren net…

Während dem Fueren ass de Vëlo eigentlech de ganzen Zäit am gaang, ze falen, no der enger an dann no der anerer Säit. Ower all Kéier riicht een sech erëm op andeems een dat ausgläicht. Et mécht een dat onbewosst an aus dem Gefill eraus. Net vill mä genau dat Richtegt, fir net ëmzefalen.

OK? Riicht aus fueren ass also e permanent Falen oder Zickzackfueren. Mee wisou fale mer do net ëm?

Majo am Fueren do spillt d’Inertie. Dat ass eng Eegeschaft déi all Kierper, deen a Bewegung ass, huet. Wann een a Bewegung ass, geet en ëmmer weider riicht aus - ausser e gëtt vun enger Kraaft emgelängt oder gebremst. Dat kennt een och vum Auto. Wann dee bis a Bewegung ass, ass e schwéier en ze bremsen. Et seet een den Auto huet vill Inertie.

An déi Inertie verhënnert datt mer faalen?

Nee, just indirekt. Wann‘s de um Vëlo fiers an z.B. no riets kipps da renkels de automatesch liicht no riets. Wéinst denger Inertie gees de awer nach riicht aus, an dat mécht datts du rëm opgezu gëss. Beim riichtaus fuere maache mir di ganzen Zäit kleng Kéieren no riets an no lénks, an et ass ëmmer dës Inertie déi mécht datt mer net ëmfalen. Wat ee méi séier fiert oder wat ee méi schwéier ass, wat dat besser geet.

An am Stoen do hu mer keng Inertie, an dofir fale mir?

Genee. Fir ouni ze fuere stoen ze bleiwen ass immens schwéier an et brauch een e gutt Gläichgewiicht.

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR