(c) Peretz Partensky

E Kaméil, wat auserdiischtert ass, ka bannen e puer Stonne locker iwwer 100 Liter Waasser drénken. Mat däer Quantitéit kéime mir bal 2 Méint aus!

An da späicheren se dat an hirem Hocker...?

Nee dat ass just e Mythos! Den Hocker besteet haaptsächlech aus Fett an ass just hiren Energiespäicher.

Wat ass dann de Kaméilen hiert Geheimnis?

De Kaméilen hiere Kierper huet ganz speziell Fähegkeete, fir sech u Situatiounen z'adaptéieren, wou sie bal kee Waasser ze drénke kréien: hiren Urin ass konzentréiert, d’Blutt déckflësseg an d’Zelle geschrumpft, ouni dass hiert Liewen a Gefor ass. Si kënnen esou bis zu 30% vu hirem Kierpergewiicht a Form vu Waasser verléieren. Wann se dann d’Méiglechkeet hu fir ze drénken, dann drénken se just genuch fir dat verbrauchte Waasser ze ersetzen. D’Bluttkierpercher, déi eng aussergewéinlech oval Form hunn fir am déckflëssege Blutt d’Oderen net ze verstoppen, kënnen hire Volume méi wéi verduebele wa Waasser do ass. A fir nëmme kee Waasser ze verléieren, hunn si zum Beispill och eng ganz speziell Nues: si kënnen d’Loft déi se ausootmen ofkillen! A well kal Loft manner Fiichtegkeet kann ophuelen, kondenséiert en Deel vum Waasser an hirer Nues.

Ganz aussergewéinlech Déieren also. An den Hocker huet iwwerhaapt näischt mam Waasser ze dinn.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Peretz Partensky

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR