STECKBRÉIF

•             Numm: Tim Dupont

•             Alter: 17 Joer

•             Schoul: Lycée Hubert Clement

•             Hobbyen: Theater, Schach, Scouten, Liesen asw.

•             Stäerkten: Roueg bleiwen an experimentéieren: Den Tim hëlt d'Saachen an d'Hand.

•             Liblingsfach: Physik

•             Motto: Einfach probéieren! Et huet een näischt ze verléieren.

 

Den Tim Dupont ass net nei bei der Take-Off-Show: En hat sech scho fir déi éischt Staffel ugemellt, hat et awer net an de Casting gepackt. Dat huet en awer net dovun ofgehalen, bei der zweeter Staffel Finalist ze ginn. Als Virbereedung huet en Theatercoursë geholl, fir u senger Kommunikatioun ze schaffen a seng Chancen ze verbesseren – mat Succès!

 

Wéi fills du dech elo, wou d'Show eriwwer ass?

„Ech genéissen et, manner Stress ze hunn. Et ass alles e bësse méi roueg, méi entspaant. Dofir huet d'Routine awer nees ugefaang … Heiansdo vermëssen ech d'Show!“

 

Wat waren deng Gedanken, wéi s du dech fir d'zweet Kéier bei Take Off ugemellt hues?

„Dank dem Schoultheater war ech vill méi selbstbewosst. Déi éischt Kéier hunn ech mech net wierklech getraut, meng Meenung ze soen. Dat hunn ech dës Kéier besser hikritt. Ausserdeem hunn ech tëschent deenen zwou Staffelen un enger Rei wëssenschaftleche Projeten deelgeholl wat mir gehollef huet, u Selbstvertrauen ze gewannen. Een dovu war de CanSat-Projet.“ (Nott vun der Redaktioun: Zil ass et, e Satellit (Sat) an der Gréisst vun enger Bécks (Can) ze entwéckelen, deen an der Lag ass, wëssenschaftlech an technesch Experimenter duerchzeféieren. Dëse Concours gëtt all Joer vun der ESA organiséiert.)

 

Bass du e gebuerene Bastler?

„Ech baue gär Saachen, virun allem an der Elektronik (z. B. Sensoren a Mini-Computeren). An der Schoul maachen ech beim Makerspace mat. Mäi Papp an ech tüftelen heiansdo zesummen: säi Keller ass eng grouss Experimentéierzon, wou all déi Saache stinn, déi e reparéiert oder gebaut huet. E schnëtzt och Dëscher a Still aus Holz. Fir mech ass en eng grouss Hëllef an Inspiratiounsquell.“

 

Wat fir eng Stäerkten hunn dech bei Take Off weiderbruecht?

„Virun allem mäi rationaalt Denken. Schliisslech goung et drëm, Puzzelen ze léisen. Ausserdeem hunn ech mech net esou einfach oflenke gelooss, weeder vun de Kameraen nach vun anere Kandidaten. Nolauschteren dogéint ass éischter meng Schwächt!“

 

Du waars zimmlech oft am Duell, esou wéi den Jamie Ley, den Take-Off-Gewënner d'lescht Joer. Wéi waren déi Dueller fir dech?

„De Schwieregkeetsgrad vun den Dueller war am Verglach zu deenen aneren Challengen e bësse méi kleng, mee et huet ee se missen eleng léisen. Et war keen do, fir ze hëllefen, Stress ofzebauen oder nei Iddien eranzebréngen. Doduerch waren d'Dueller scho méi ustrengend. Ech hunn awer allkéiers u mech gegleeft a mir zougeriet, datt ech et hikréie kann. Dat huet gehollef.

Ech ka mech gutt un den Duell mam Laser erënneren, dee besonnesch kniwweleg war. De Weltraum ass zwar mäin Element, mee meng Versich hunn am Ufank net geklappt an dat huet mech immens veronséchert.

Dat Schwéierst war allerdéngs d'Halleffinall: Et huet ee misse mat Gromperen an Orangen eng Batterie bastelen, mat där een e ferngesteierten Auto konnt undreiwen. Beim klengste Feeler war d'Batterie eidel an et huet ee missen zéng Minutte waarden, éier een nees testen duerft … Dat war haart!“

An zum Tim senger Method? „Ech sinn éischter een, deen d'Saachen an d'Hand hëlt, dee beim Teste Feeler entdeckt a sech doduerch verbessert, ewéi een, deen d'Saachen am Viraus plangt. Déi empiresch Methodik läit mir gutt (Nott vun der Redaktioun: Learning by doing!).“

 

Wat war däi Liblingschallenge?

„Mäi Liblingstheema ass de Weltraum. Bei där Episod hunn ech mech voll a mengem Element gespuert. Dësen Challenge mat de Satellittebiller war ganz spannend an et huet och alles gutt geklappt. D'Léisung ass mir direkt agefall.

D'Halleffinall mat der Batterie huet mer allerdéngs am beschte gefall. Doduerch, datt ech op mech selwer gestallt war, konnt ech menger Kreativitéit fräie Laf loossen. Ech hunn z. B. Kabelen aus Sëlwerpabeier gebastelt, wéi meng mer ausgaange sinn.“

Op déi Iddi muss ee fir d'éischt mol kommen!

 

Wéi gees du am Allgemenge mat Stress ëm?

„Ech si kee Mënsch, dee sech besonnesch séier ënner Drock setze léisst. Wärend der Show sinn ech ëmmer a mech eragaangen an hu mer gesot, datt ech dat hikréie kann. Et war éischter eng iwwerflächlech Uspanung, déi ech gespuert hunn. Soubal ech an den Challengen dra war, ass d'Angscht verschwonnen.

Soss sinn et déi aner, déi mer hëllefen, Stress ofzebauen. Bei Prüfungen oder Theateropféierunge schwätzen ech virdru vill mat menge Frënn.“

 

À propos Stress: Has du Angscht virun de Kameraen?

„Nee. D'Kamerae gesäit een net wierklech. Et ass een éischter ënner sech an op déi verschidden Challengë konzentréiert. Ech hu meng Ëmgéigend heiansdo guer net méi wouergeholl. Et koum och mol vir, datt d'Lucie oder de Joseph direkt viru mir stoungen an datt ech dat vu lauter Konzentratioun guer net matkritt hunn!“

 

Wat war fir dech dee beschte Moment vun der Sendung?

„Dee beschte Moment war, wéi mer just nach zu fënnef waren: Dräi Persoune koumen an eng Ekipp an zwou an eng aner. Ech war am Zweeër-Team. Am Ufank hunn ech geduecht, datt dat en Nodeel wier, mee schlussendlech huet et immens vill Spaass zu zwee gemaach a mir hunn och haushéich gewonnen. Mir hu missen eng Maschinn bauen, fir Laktos aus der Mëllech erauszefilteren. Ech war ganz houfereg op eist Resultat! En aneren Highlight war, datt mir e ganz staarke Géigner doduerch eliminéiere konnten, datt mer zwee vun deene Stäerksten an den Duell geschéckt hunn.“

 

Wat fir ee Rot géings du deene ginn, déi iwwerleeën, fir un der nächster Take-Off-Staffel deelzehuelen?

„Probéiert et einfach, dir hutt näischt ze verléieren!

Och wichteg: liest d'Blieder vun den Challengë gutt duerch. Dat ass definitiv e Virdeel.

A villäicht dat Wichtegst: Gitt an iech eran a konzentréiert iech, ouni iech iwwer déi aner Gedanken ze maachen. Et soll een net mol lauschteren, wat se soen, well et déi eege Konzentratioun nëmme stéiert an et ee fir näischt veronséchert. Ech hunn déi ganzen Zäit geduecht, déi aner wiere besser, méi al, géinge méi wëssen … Mee schliisslech brauch een Intuitioun a Logik, onofhängeg vu sengem Ausgangswëssen. An dofir sollt een u sech gleewen, amplaz sech ze froen, wat anerer besser kënnen.“

 

Du hues immens vill Hobbyen ausserhalb vun Take Off. Gëtt dat dir net ze vill?

„Nee, well et Spaass mécht! Et huet een Energie fir déi Saachen, déi ee gäre mécht.“

 

Weess de schonn, wat s de spéider wëlls maachen?

„Ech wëll Raumfaartingenieur ginn an hoffentlech meng eege Firma grënnen: entweeder am Beräich vun de Satellitten oder dem Asteroidmining. (Nott vun der Redaktioun: Asteroidmining ass d'Technologie, mat där ee Rostoffer aus Asteroiden am Weltraum ofbaut.)

D'Theema Raumfaart huet mech ab dem 8. Liewensjoer faszinéiert, esou vill, datt ech mer elo e konkreete Beruffsplang gemaach hunn. Ech hu wëlles, nom Ofschloss op der TU Delft Raumfaarttechnik ze studéieren. Et gëtt e Master mat der Spezialisatioun Weltall.“

Mir wënschen dem Tim alles Guddes bei dëse spannende Beruffsperspektiven!

 

Zousazfro: Wéi war et, ze gewannen?

„Am Ufank konnt ech et guer net gleewen. Dono war ech wierklech frou, mee och e bëssen traureg, well d'Abenteuer scho riwwer war. Et si gemëscht Gefiller. D'Challengë ware fantastesch. Et war eng grouss Chance, dobäi matmaachen ze kënnen. D'Sue wëll ech den Ament mol op mengem Kont loossen. Vläicht benotzen ech se enges Daags, fir déi grouss Raumfaartzenteren an Amerika kucken ze goen?“

 

Autorin: Diane Bertel
Redaktioun: Lucie Zeches (FNR)
Iwwersetzerin: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

 

Aussi dans cette rubrique

Aperçu des évènements Événements au Luxembourg liés à la science - avril 2025

Que se passe-t-il au cours de ce mois ? Voici nos points forts du calendrier des événements de science.lu.

Portrait des candidats - Saison 2 Interview avec Maxime Buck, candidat à Take Off

Vous voulez savoir comment garder votre sang-froid en toutes circonstances ? Alors lisez notre interview exclusive avec Maxime Buck, candidat finaliste de la Take Off Science Challenge Show.

FNR
Take Off Challenge to do yourself Challenge: Become a crypto-miner

You've probably heard of cryptocurrencies, but do you know what ‘mining’ means and how it works? Find out all about it in the 11th episode of the Take Off Science Challenge Show!

FNR