De mënschleche Kierper huet genuch Kuelestoff fir domat 12 810 Bläistëfter ze fëllen.

18,3 % vun eisem Kierpergewiicht si Kuelestoff, dat sinn 13 kg fir eng Persoun vu 70 kg! Kuelestoff ass näämlech ee vun den haapt Bausténg vun eisem Kierper. Proteinen, Fett, Zocker, ADN, .... sinn all op Kuelestoff opgebaut!

Dat betrëfft net nëmmen eis Mënschen, mee alles wat lieft. Also och alles wat mir iessen. Mir huele mat der Ernierung méi Kuelestoff op, wéi mer es brauchen.

Theoretesch kann een aus deem Kuelestoff Bläistëfter man. Awer glécklecherweis just an der Theorie!

E Bläistëft besteet näämlech net aus Bläi mee aus Graphit, an dat ass och Kuelestoff. Matt 13kg Kuelestoff am Kierper kinnt een also bal 13.000 Bläistëftminne man, an domat kann een e Stréch molen, deen 18 mol rondrëm den Äquator geet!

Mee dofir miisst een e Mënsch kennen a Graphit verwandelen, an dat ass net esou einfach!

Wann een e Kierper verbrennt entsteet zwar Kuel, wat och Kuelestoff ass, mee domat léisst sech net sou gudd mole wéi mat Graphit. Fir Kuel a Graphit ze verwandele bräicht een extrem héisch Temperaturen an och héijen Drock. Et ass also net ganz einfach fir Mënschen zu Bläistëfter ze verschaffen!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR