Wikimedia Commons

LEDen kënne rout, gréng oder blo liichten - a mat engem Trick souguer wäiss

LED'e liichten an Haushaltsapparater oder Televisiounen: meeschtens sinn se rout oder gréng a weisen eis zum Beispill un, ob en Apparat un oder aus as. Säit e puer Joere gesäit een och ëmmer méi blo LED'en. D’Entwécklung vun dëse war sou schwiereg, dass et 2014 en Nobelpräis dofir gouf!

Wisou hunn déi kleng liichtend Dénger dann den héchste Wëssenschaftspräis verdéngt?

An de 60er Joere vum läschte Jorhonnert konnte LEDe just rout liichten, an de 70er Joere koum du gréng dobäi, mee un déi blo hunn sech d’Fuerscher laang d’Zänn ausgebass. Si waren den hellege Gral vun den LED-Entwéckler, wëll réischt di Blo maachen déi wäiss LED-Luucht méiglech.

Wisou brauch een da fir wäiss Luucht, blo liichtend LEDen? 

Déi wäiss Luucht, di mir gesinn, setzt sech aus verschidde faarweger Luucht zesummen, dat gesäit ee gutt beim Reebou. Dëse Prinzip notzt een och bei LED-Luuchten, déi Biren ersetzen: Dofir gi blo LED'e mat engem spezielle Liichtstoff beschicht. Wann dee vu bloer Luucht getraff gëtt, liicht e giel. A giel plus blo ass eng Faarfmëschung déi eis Aen als wäiss Luucht gesäit.

A wisou ass et sou revolutionär, wäiss Luucht ze produzéieren? Bire ginn et dach scho säit iwwer 100 Joer?

Dat stemmt, mee Bire brauchen awer och vill méi Stroum a ginn oft futti. Jidderee kennt dat, et muss een se ëmmer rëm ersetzen. LED'en hunn dogéint zwee grouss Virdeeler: Si brauche vill manner Stroum a gi sougudd wéi ni futti.

Ma dat ass jo mol eppes firwat en Nobelpräis soll verdeelt ginn, sou muss ech net ëmmer Biren auswiesselen. Mee wei funktionéiert sou eng LED eigentlech?

Vum Prinzip hier ass et eng Aart ëmgedréinte Solarzell. D’Häerzstéck ass wei bei der Solarzell eng Schicht aus engem sougenannten Hallef-Leeder. Op dësen trëfft Luucht an domat produzéiert e Stroum. Bei der LED ass et ëmgedréint: Do brauch ee Stroum, fir den Hallef-Leeder dozou ze bréngen, ze liichten.

Gëtt dann nach ëmmer un LEDë gefuerscht?

Ganz intensiv souguer! Et ginn ëmmer nei Materialien entwéckelt, di duerch Stroum mat liichten ufänken. Si kennen hauchdënn op flexibel Plastikfolien opgedämpt ginn. Sou kann een zum Beispill Bildschiermer bauen, déi sech diebele loossen. Si bestinn aus ganz ville klengen LED-Liichtpunkten, déi zesummen e Bild erginn. Vu ganz dënnen a flexibele Bildschiermer bis zu komplett neie Luuchteforme wäerten eis LEDen nach sou munches bidden!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Perles sensibles aux UV Quelle protection ma crème solaire offre-t-elle ?

Les perles UV transparentes ou blanches se colorent lorsqu’elles sont exposées aux rayons du soleil. C’est une bonne man...

FNR
Diffusion de la lumière Reproduis la couleur bleu du ciel et un coucher de soleil !

Dans cette expérience on reproduit un coucher de soleil avec une lampe de poche, de l’eau et un peu de lait!

FNR
Light Graffiti Peignez avec de la lumière !

Faites une photo originelle pour la St Sylvestre !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR
Mondhygiène Firwat kritt ee Mondgeroch?

Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken?

FNR