AdobeStock/RFBSIP

Hëlleft Liichttherapie bei saisonalen Depressiounen?

Note vun der Redaktioun: dësen Artikel gouf usprünglech de 26. Januar 2018 verëffentlecht a gouf den 10. Januar 2024 aktualiséiert, mat neien Zuelen an Erkenntnisser aus der Wëssenschaft. Ausserdeem goufen d'Quelle verëffentlecht (cf. Infobox).

Medeziner experimentéiere scho méi laang mat Liicht a proposéieren a munche Fäll eng Liichttherapie géint saisonal Depressiounen, wéi se de Wanterblues nennen, wann en méi hefteg ass. 

Dofir huelen se awer keng Käerzen?

Nee, déi liichte vill ze schwaach. De Patient muss all Dag, am beschte Moies, virun enger spezieller, ganz heller Luucht setzen. Si ass ronn 30 mol méi hell wéi eng normal Zëmmerbeliichtung! De Patient soll dann och net direkt an d’Liicht kucken, mee ka während deem Kaffi drénken oder liesen. 

An dat funktionéiert?

Vill Medeziner a Patiente sinn dovun iwwerzeegt. An déi aktuell Studielag deit och dorop hinn. D’Liichttherapie ass awer net fir Leit geduecht, déi sech am Wanter nëmmen e bësse schlapp fillen. Se riicht sech un Patienten, déi all Wanter eng richteg Depressioun kréien an dann näischt méi gemaach kréien oder guer net méi aus dem Haus ginn. Dat trëfft an Europa op dräi bis véier Leit vun 100 zou.

A wéi soll Liicht d’Stëmmung beaflossen?

Wéi déi meeschte Liewewiesen hunn mir eng ënnerlech Auer, déi ongeféier am 24-Stonnen-Rhythmus vun engem Dag leeft. Se muss awer ëmmer erëm nei gestallt ginn, an dat geschitt virun allem duerch Liicht, dat op speziell Zellen am Ae fält, déi d’Liichtsignal un d’Gehir weiderleeden. Wa mer ze wéineg Dagesliicht ofkréien, leeft eis Auer bannendra falsch. Well dës och eisen Hormonhaushalt reegelt, geréit dësen duercherneen an d’Stëmmung fält.

Ginn et och aner Traitementer géint Wanterdepressiounen?

Wann ee wierklech schwéier betraff ass, verschreiwen Dokteren och Antidepressiva oder schloen eng Verhalenstherapie fir. Bei där léiert een ënner anerem, dass een och am Wanter reegelméisseg aus dem Haus goe soll. Well souguer während engem groe Wanterdag ass d’Liichtintensitéit dobaussen nach ëmmer vill méi staark wéi dobannen.

An frësch Loft schued och sécher net.

Dovu kann en ausgoen, awer dat muss och nach weider erfuerscht ginn. Dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo : Shotshop

Infobox

Quellen

Lichttherapie mit Tageslichtlampen. Bundesamt für Strahlenschutz (Deutschland)

https://www.bfs.de/DE/themen/opt/anwendung-medizin-wellness/tageslichtlampen/tageslichtlampen_node.html

 

The Efficacy of Light Therapy in the Treatment of Seasonal Affective Disorder: A Meta-Analysis of Randomized Controlled Trials. Pjrek et al. Psychotherapy and Psychosomatics, 2020

 

Prevalence of seasonal depression in a prospective cohort study. Wirz-Justice et al., European Archives of Psychiatry and Clinical Neuroscience 2018

https://www.chronobiology.ch/wp-content/uploads/2019/05/Wirz-Justice-Angst-2018-EurJPsychClinNeurosci.pdf

 

Effects of light on human circadian rhythms, sleep and mood. Blume et al., Somnologie 2019

https://link.springer.com/article/10.1007/s11818-019-00215-x

 

How nature nurtures: Amygdala activity decreases as the result of a one-hour walk in nature. Sudimac et al., Molecular Psychiatry 2022

https://www.nature.com/articles/s41380-022-01720-6

 

 

De Mr Science of RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi intéréssant

Perles sensibles aux UV Quelle protection ma crème solaire offre-t-elle ?

Les perles UV transparentes ou blanches se colorent lorsqu’elles sont exposées aux rayons du soleil. C’est une bonne man...

FNR
Diffusion de la lumière Reproduis la couleur bleu du ciel et un coucher de soleil !

Dans cette expérience on reproduit un coucher de soleil avec une lampe de poche, de l’eau et un peu de lait!

FNR
Light Graffiti Peignez avec de la lumière !

Faites une photo originelle pour la St Sylvestre !

FNR