Wikimedia

Supercomputer-Modeller vum Magnéitfeld vun der Äerd. Lénks: normal; rechts: Während enger Emkéierung

Ass d’Mënschheet a Gefor wann d’Magnéitfeld vun der Äerd sech ëmdréit?

Et ass scho richteg dass villes drop hiweist dass d’Magnéitfeld sech ëmdréit an dass dat net sou ohne ass. Mee dass d’Welt dofir soll ënnergoen oder d’Liewe soll ausstierwen ass awer net wouer.

Mee mol fir unzefänken: wou kennt dat Magnéitfeld dann eigentlech hier?

Eis Äerd besteet jo aus verschiddene Schichten, a ganz an der Mëtt ass e mega waarmen Äerdkär aus flëssegem Eisen. Duerch d’Äerdrotatioun an déi extrem Hëtzt entsti komplex Konvektiounsbeweegungen an deem Kär an doduerch entsteet e risegt Magnéitfeld rondrëm eise Planéit.

Firwat brauche mer dat dann eigentlech?

D’Magnéitfeld ass schonn zimlech wichteg well et eis viru Partikelen a Strahlen aus dem All schützt. Wann et net do wier, da wier d’UV-Strahlung an d’Radioaktivitéit hei ënnen um Buedem esou héich dass mer banne Sekonne géife gegrillt ginn.

Dat kléngt awer net esou gutt ! Wéi kommen di Leit dann elo drop dass et sech géif emdréinen ?

Eigentlech huet eise Planéit schonn zimlech Routine doran. D’Magnéitfeld dréit sech nämlech am Duerchschnëtt all 250.000 Joer eng Kéier ëm. D’Fuerscher hu festgestallt dass de physikaleschen Nordpol sech am Moment aussergewéinlech schnell vun deem geographeschen ewechbeweegt. Dobäi kommen dann nach Moossungen dass d’Stäerkt vum Magnéitfeld amgaang ass rapid ofzehuelen. Dofir menge verschidde Fuerscher dass d’Magnéitfeld effektiv amgaang ass sech ëmzedréinen.

Wat géif dat da fir eis heeschen? Wann d’Stäerkt vum Magnéitfeld ofhëlt, da si mer jo méi deene Partikelen aus dem All ausgesat?

Du däerfs net vergiessen dass dee Phenomen sech iwwer Jordausenden hinzitt, mir dierften also net allze vill dovu matkréien. Keng Angscht! Laut geophysesche Berechnunge muss de Fred Feuerstein virun 800.000 Joer dat och matgemaach hunn, an hien huet et jo och iwwerlieft!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: Wikimedia (
Supercomputer-Modeller vum Magnéitfeld vun der Äerd. Lénks: normal; rechts: Während enger Emkéierung)

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Wéi genee dréint d’Magnéitfeld sech ëm?

D’Magnéitfeld dréint sech natierlech net vun haut op muer ëm. Fir d’éischt schwächt et während e puer dausend Joer of an destabiliséiert sech komplett. Dee magnéitesche “Chaos” stabiliséiert sech dann erëm lues a lues, mee eben ëmgedréint. Dee ganze Prozess kann tëscht 4.000 an 10.000 Joer daueren. Vill Leit mengen dass d’Magnéitfeld sech komplett ofbaut wann et destabiliséiert ass, a sech dono erëm nei opbaut. D’Fuerscher betounen awer ëmmer erëm dass dat net wouer ass. D’Magnéitfeld verschwënnt ni, et gëtt just extrem komplizéiert. Amplaz vun engem grousse Magnéitfeld tëscht dem Nord- a Südpol baue sech eng ganz Réi vu méi lokale Magnéitfelder op. Dat heescht also dass mer dee Moment e puer Dosen Nord- a Südpoler hätten an dass een dat schéint Polarliicht op méi Plazen op der Welt kéint kucken.

(Polarliicht: Op de Polen, also do wou d’Magnéitfeld “erakënnt”, kenne Partikelen aus dem All matgerappt ginn. Wann des Partikelen an eis Atmosphär trieden, dann entstinn di ganz speziell Liichtspiller déi als Nord- oder Südliicht bezeechent ginn)

Wat man d’Déieren déi sech mat Hëllef vum Magnéitfeld orientéieren?

Vill Déiere wéi zum Beispill Villercher, Schildkröten, awer och eng ganz Réi Bakterien orientéiere sech jo bekanntlecherweis mat Hëllef vum Magnéitfeld. Fuerscher déi dësem Thema wollten op d’Spuer goen hu Schildkröten an aner Déieren an en Ëmfeld gesat wou d’Magnéitfeld neutraliséiert ginn ass. An hei kuck do, no ufänglecher Orientéierungslosegkeet hun d’Déieren awer schlussendlech hire Wee fonnt. Doraus schléissen d’Fuerscher dass keen Déier sech 100 % op d’Magnéitfeld verléisst, wahrscheinlech aus deem ganz einfache Grond dass et sech jo souwisou regelméisseg ëmdréit. D’Evolutioun iwwerléisst also näischt dem Zoufall.

Apropos Evolutioun: Paläontologen hu festgestallt dass an deene Periode wou d’Magnéitfeld sech ëmdréit aussergewéinlech vill nei Déieren- a Planzenzorten optauchen. Dee Phenomen vum Magnéitfeld schéngt also e richtege Motor fir d’Evolutioun ze sinn. Doraus léisst sech schléissen dass dee Phenomen vum Magnéitfeld e groussen Impakt op d’Liewesëmstänn op der Äerd huet, och wann di genee Detailer nach net bekannt sinn.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zënter 1988 huet de « Centre Européen de Géodynamique et de Séismologie » säi Sëtz zu Lëtzebuerg, an zwar zu Walfer. Seng Aufgab a Responsabilitéit ass et fir Fuerschungsaarbechten am Beräich vun der Geophysik, der Geodynamik an der Plattentektonik europawäit ze organiséieren an ze koordinéieren. De « Laboratoire Souterrain de Geodynamique » zu Walfer gehéiert och zu dësem Institut. Hei gi permanent geodynamesch a seismologesch Daten opgeholl, gespäichert an un di zoustänneg Fuerscherequippe geschéckt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Wat géif geschéie wann d’Magnéitfeld op eemol géif verschwannen?

Fuerschungsaarbechten iwwert de Planéit Venus, dee keen eegent Magnéitfeld huet, weisen dass sech trotzdem e Magnéitschëld kann opbaue fir de Planéit virun de Partikelen an de Strahlen aus dem All ze schützen. Wann also een op der Äerd géif de Stecker erauszéien an eist Magnéitfeld zack géifverschwannen, da géif sech banne Stonnen an der Ionosphär (350.000 Kilometer iwwert eise Käpp) e Magnéitschëld opbauen an eis schützen.

Aussi intéréssant

E Bléck an d’Kugel Wéi weess een, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit?

Mister Science, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit war laang e Rätsel. Mëttlerweil kennen d’Fuerscher awer den Opbau vun eis...

FNR
Univers Les satellites dans l’espace parlent avec la Terre.

Des centaines de satellites tournent autour de la Terre. Mais à quoi servent-ils au juste ?

FNR
Evolutioun Wéini gëtt et eis Welt net méi?

An engem sinn d’Fuerscher sech zimlech eens: Liewe soll et éigentwann keent méi op der Äerd ginn. D’Haaptursaach ass d‘...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR