Pixabay

Beim Schenken heescht manner méi.

Mr. Science, et soll een also manner schenken?

Wann ee wëll, dass d’Freed beim Beschenkte méiglechst grouss ass, ass dat den Tipp vun de Psychologen! Si hu festgestallt dass e manner wäertvollen Zousazkaddo den Haaptkaddo entwäert.

Also wann ech zum Beispill eng deier Kaffismaschinn zesumme mat enger Packung Kaffi verschenken, ass dëse Package fir de Beschenkte manner attraktiv wéi nëmmen d’Kaffismaschinn?

Genee sou e Versuch hunn d‘Psychologe gemaach: obwuel de Package, objektiv gesi, méi wäertvoll ass, gëtt e vum Beschenkten als manner wäertvoll ageschat. Deen dee schenkt parconter, mengt eppes Guddes gemaach ze hunn, well e weess dass e fir de Kombinatiounskaddo méi Suen ausginn huet.

Wéi erkläert een sech dësen iwwerraschenden Effekt?

D‘Fuerscher mengen, dass de Beschenkten onbewosst en Duerchschnëtt aus dem Wäert vun den zwee Kaddoe mëscht an deen zitt de bëllege Kaddo erof. Dat verréckt ass: dësen Effekt gëtt et och an anere Beräicher.

Zum Beispill?

Wann een an engem Virstellungsgespréich um Enn nach méiglechst vill vu senge Fäegkeeten un de Mann brénge well, kann et geschéien, dass säin zwee-wöchege Kroatesch-Kurs, deen een eng Kéier virun enger Vakanz gemaach huet, den ufanks positiven Androck erof zitt.

Ausser Kroatesch-Kenntnisser wäre wichteg fir de Job.

Kloer. De selwechte Prinzip kann ee sech fir Presentatioune mierken, oder wann een eppes verkafe well: léiwer ee staarkt Argument wierke loossen, wéi nach e schwaacht hannendru schubsen. A souguer bei der Festleeung vu Strofe spillt dëse Phänomen eng Roll. Sou empfanne Versuchspersounen eng Strof vu 750 Dollar plus 2 Stonne gemengnëtzeg Aarbecht manner streng ewéi wann se nëmme 750 Dollar bezuele missten.

Verréckt, wat fir Widderspréch Fuerscher an onsem Verhalen entdecken!

Genee dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Sophie Steinmetz
Foto: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Quellen
Kimberlee Weaver, Stephen M. Garcia, Norbert Schwarz (2012). The Presenters' Paradox. Journal of Consumer Research, Vol. 39, No. 3 (October 2012), pp. 445-460 https://www.jstor.org/stable/10.1086/664497?seq=6
 

Aussi intéréssant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Perceptioun vum Risiko Firwat hunn Erwuessener méi Angscht op der Achterban ewéi Jugendlecher?

Mr Science, endlech ass nees Schueberfouer! Do strecken déi Jugendlech op der Achterban d'Äerm an d'Luucht, woubäi déi Erwuesse sech éischter un der Staang festhalen. Firwat fäerten Erwuessener méi?

FNR
Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR