Pixabay
Mr. Science, et soll een also manner schenken?
Wann ee wëll, dass d’Freed beim Beschenkte méiglechst grouss ass, ass dat den Tipp vun de Psychologen! Si hu festgestallt dass e manner wäertvollen Zousazkaddo den Haaptkaddo entwäert.
Also wann ech zum Beispill eng deier Kaffismaschinn zesumme mat enger Packung Kaffi verschenken, ass dëse Package fir de Beschenkte manner attraktiv wéi nëmmen d’Kaffismaschinn?
Genee sou e Versuch hunn d‘Psychologe gemaach: obwuel de Package, objektiv gesi, méi wäertvoll ass, gëtt e vum Beschenkten als manner wäertvoll ageschat. Deen dee schenkt parconter, mengt eppes Guddes gemaach ze hunn, well e weess dass e fir de Kombinatiounkaddo méi Suen ausginn huet.
Wéi erkläert een sech dësen iwwerraschenden Effekt?
D‘Fuerscher mengen, dass de Beschenkten onbewosst en Duerchschnëtt aus dem Wäert vun den zwee Kaddoe mëscht an deen zitt de bëllege Kaddo erof. Dat verréckt ass: dësen Effekt gëtt et och an anere Beräicher.
Zum Beispill?
Wann een an engem Virstellungsgespréich um Enn nach méiglechst vill vu senge Fäegkeeten un de Mann brénge well, kann et geschéien, dass säin zwee-wöchege Kroatesch-Kurs, deen een eng Kéier virun enger Vakanz gemaach huet, den ufanks positiven Androck erof zitt.
Ausser Kroatesch-Kenntnisser wäre wichteg fir de Job.
Kloer. De selwechte Prinzip kann ee sech fir Presentatioune mierken, oder wann een eppes verkafe well: léiwer ee staarkt Argument wierke loossen, wéi nach e schwaacht hannendru schubsen. A souguer bei der Festleeung vu Strofe spillt dëse Phänomen eng Roll. Sou empfanne Versuchspersounen eng Strof vun 750 Dollar plus 2 Stonne gemengnëtzeg Aarbecht manner streng ewéi wann se nëmmen 750 Dollar bezuele missten.
Verréckt, wat fir Widderspréch Fuerscher an onsem Verhalen entdecken!
Genee dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Sophie Steinmetz
Foto: Pixabay
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science