© Pixabay

Flaisseg an der Beiewab

Nee, du kanns dann nach ëmmer Kiischten, Äppel an Nëss kafen. Mee déi wieren deen Ament sécherlech vill méi deier! Wann et keng Beie méi ginn, misste Mënschen d'Bléie mat engem Pinsel selwer bestëbsen. Wëssenschaftler hunn ausgerechent, dass d'Aarbecht vun de Beie weltwäit ongeféier 300 Milliarden Euro am Joer wäert ass.

Wei schlëmm ass d'Beiestierwe bei ons an Europa dann?

Imker soen, dass si all Joer zwëschen 10 an 30 Prozent vun de Beievolleker ersetze musse. A leider stierwen net nëmmen d'Hunnegbeien, mee och déi wëll Beien, d'Bommelen an d'Päiperleken, déi och vill Bléie bestëbsen.

Wësse mer dann u wat d'Beie stierwen?

Se sinn anscheinend méi empfindlech op Krankheete wei fréier. E grousse Problem ass zum Beispill d'Varroamilb, dat ass e Parasit. Och Vire maachen de Volleker d'Liewe schwéier. Wat fir eng Roll Pestizide spillen, ass net ganz kloer: Munch Pestiziden wierke wuel net nëmme gezielt géint Ongezifer, se maachen och Beie méi schwaach. De modernen Akerbau mat sénge Monokulturen ass awer zu engem groussen Deel sou ugeluecht, dass Pestizide gebraucht ginn. Déi grouss Monokulture sinn och e Problem, well se nëmmen eng Kéier fir eng kuerz Zäit bléien an d'Beien dono näischt méi fir ze baffe fannen.

Wat kënne mir selwer da maachen, fir dass d'Beien an déi wëll Beie besser Chancen hunn?

Du kanns an dengem Gaart eng Wiss mat wëlle Blummen uleeën. Da fannen d'Beie vu Fréijoer bis Hierscht eppes ze naschen. An op dengem Balcon kanns de Salbei, Zitrounen-Thymian oder Bounekraitchen uplanzen, dat hunn déi wëll Beie besonnesch gär an du hues ëmmer frësch Kraider fir ze kachen. An et gi Leit, mäin Noper zum Beispill, deen hält mëttlerweil souguer scho Beien um Balcon, matzen an der Stad.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Emissioun gouf den 30.09.2016 opgeholl 

 

Aussi intéréssant

État des lieux scientifique Quels sont les effets sanitaires et sociaux du cannabis récréatif?

Nous résumons ce que sait la science sur l’impact du cannabis psychoactif sur le bien-être physique, mental et social de...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Nuisibles Le scolyte : du nuisible secondaire à l’ennemi mortel des épicéas

Sur les près de 50 espèces de scolytes présentes au Luxembourg, deux d’entre elles surtout sont extrêmement dangereuses ...