AdobeStock/Craig Taylor Photo

Meteorreen mat 44 Meteoren (Stäreschnäizen) an der Mëllechstrooss am Hannergrond iwwert enger Silhouette vu Fichten a Kieferen. Komposition aus 44 Biller.

Umierkung vun der Redaktioun: Dëse Bäitrag baséiert zum Deel op dësem Artikel aus eisem Archiv: https://science.lu/de/perseide-2023/hoehepunkt-des-sommerlichen-sternschnuppenregens

Zur Zäit beweegt sech d’Äerd duerch eng Stëbswollek, déi de Koméit Swift-Tuttle op senger Ëmlafbunn hannert sech zitt. An dëser Stëbswollek si kleng Stécker a Partikelen, déi vum Koméit ofgebréckelt sinn – sougenannte Meteoroiden. Déi triede mat immens héijer Vitesse (60 km an der Sekonn!) an déi iewescht Atmosphäre vun der Äerd an a vergléien do. Dobäi hannerloossen se eng Liichtspuer, déi mir als Stäreschnäiz um kloren, däischteren Nuetshimmel gesinn.

De Koméit Swift-Tuttle huet en Duerchmiesser vu 26km a gouf 1862 gläichzäiteg vum Lewis Swift an Horace Parnell Tuttle entdeckt. Wéi déi meescht Koméite besteet de Swift-Tuttle Koméit aus enger Mëschung vun Äis, Stëbs, Gestengs an organesche Verbindungen.

E puer méi Detailer iwwert seng Zesummesetzung huet d’Dr. Lisa Krämer-Ruggiu, eng Lëtzebuergerin déi op der Vrije Universiteit Brussel d‘Mineralogie a Chimie vu Meteoriten a Mikrometeoriten erfuerscht:

„Iwwert dese spezifesche Koméit gëtt et net vill Informatiounen, awer e schéngt Folgendes ze enthalen:

  • D’Gestengs a Form vun ‘eisen- a magnesiumräich Silikater’ mat kalzium- an aluminiumräichen Inclusiounen.  
  • Déi feinkäreg organesch Stoffer (déi sougenannte ‘Matrix’) ass eng Mëschung aus organesche Verbindungen an anere renge Mineralien, ähnlich wéi d’Silikater déi ech grad beschriwwen hunn.
  • D’Äis ass Koméiten ass haaptsächlech Waasser (H2O) , Kuelestoffmonoxid (CO) a Kuelestoffdioxid ( CO2). Et fënnt een awer och nach vill aner Äis, z. B. Methan, Methanol,  Schwiefelwaasserstoff, Ammoniak a vill anerer.

An dat ass alles an engem renge Gestengs vermëscht, aus deem de Koméit besteet.“

Wann e Koméit wéi de Swift-Tuttle op senger Ëmlafbunn ronderëm d’Sonn kreest, erhëtzen d’Sonnestralen d’Äis, wouduerch dëst subliméiert: d.h. et geet direkt vum festen an de gasfërmegen Zoustand iwwer. Doduerch entsteet de „Schwanz“ vum Koméit, deen aus Gaser a Stëbs besteet, a vun der Sonn ewech kuckt.

De Swift-Tuttle Koméit (Copyright: NASA)

E “Meteoroid" ass e Brochstéck vun engem Koméit, Asteroid oder Planéit, dat op enger Ëmlafbunn ronderëm d‘Sonn ass. Deen Ament wou des Stécker (dacks just winzeg Stëbskären) an d’Äerdatmosphär antrieden a vergléien, nennt een se „Meteor“ – besser bekannt a siichtbar als Stäreschnäiz. Wann d‘Stécker net komplett an der Äerdatmosphär vergléien an op d’Äerd falen, schwätzt ee vun engem „Meteorit“.

Stäreschnäize sinn also keng Stären?

Nee. Stäreschnäize si wéi gesot Brochstécker vun engem Koméit, déi op manner wéi 100 km Distanz vun der Äerduewerfläch an d’Äerdatmosphär andréngen. Stäre si riseg Bullen aus gliddegem Gas, déi um Nuetshimmel liichten, awer vill Liichtjore vun eis ewech sinn. Ee Liichtjoer entsprécht ongeféier 9,46 Billioune Kilometer. Déi meescht Stären an der Mëllechstrooss, déi mir mat bloussem An gesinn, sinn ongeféier 1000 Liichtjore wäit ewech.

Twinkle, twinkle, little star?

Den nooste Stär zu der Äerd ass eis Sonn – am Duerchschnëtt 150 Millioune km wäit ewech. Si huet en duerchschnëttlechen Duerchmiesser vun 1,39 Millioune km an ass kloer mat bloussem An ze gesinn! Den zweetnooste Stär zu der Äerd – Proxima Centauri  an der Mëllechstrooss – ass 4,24 Liichtjore wäit wech, awer net mam bloussen An ze gesinn. De Proxima Centauri ass vill méi kleng wéi d‘Sonn: Wann d’Sonn ee Basketball wier, wier Proxima Centauri e Golfball. An e liicht och vill manner staark. Déi meeschte Stären, déi mir um Nuetshimmel mat bloussem An gesi kënnen, sinn ongeféier 1000 Liichtjore wäit ewech. Stäre liichte, well an hirem Zentrum duerch Atomkäre matenee verschmëlzen (Kärfusioun). Dobäi entsteet enorm vill Energie, déi an Hëtzt a Liicht konvertéiert gëtt. Wéi hell e Stär liicht seet näischt iwwert seng Distanz zu der Äerd aus. Et gi Stären déi méi hell liichte wéi anerer; e Stär dee just schwaach liicht ka méi no si wéi een deen hell liicht.

Firwat gesäit een dann aktuell sou vill Stäreschnäizen?

Et gesäit ee grad elo sou vill Stäreschnäizen, well sech d’Äerd an der Nuecht vum 12. op den 13. August 2024 duerch deen Deel vum Himmel beweegt, wou déi meescht Stécker vum Swift-Tuttle sengem Koméite-Schwanz sinn.  An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg kann een theoretesch bis zu 60 Stäreschnäize pro Stonn beobachten. Awer och an den Nuechte virdrun an duerno sinn der vill ze gesinn, et ass also derwäert dëser Deeg an den Himmel ze kucken – besonnesch well d’Wiederprevisioun gutt ass.

Déi Stäreschnäizen, déi een den Ament beobachte kann, gi Perseide genannt. Well wann een hiren Ursprong zréckverfollegt, läit deen am Beräich vum Stärebild Perseus.

D’Stärekonstellatioune Perseus a Kassiopeia bei Rostock an Däitschland. (AndreKo, CC-BY via Wikimedia Commons)

Wat sinn dann déi bescht Konditioune fir Stäreschnäizen ze gesinn?

D’Perseide gesäit een op der ganzer Nordhallefkugel. Am beschte sichs Du dir eng ganz däischter Plaz, wou’s du méiglechst vill vum Himmel gesäis a Beliichtung vu Stroossen oder Gebaier net stéiert.  Gëff dengen Ae bis zu 20 Minutten, fir sech komplett un d’Däischtert ze gewinnen. Sëtz dech gemittlech an e Stull oder lee dech op de Buedem, sou dass du entspaant no uewe kucke kanns.

D’Stäreschnäize kënnen iwwerall um Himmel optauchen – wéini a wou genee kann een net viraussoen. Et ass net néideg a Richtung vum Stärebild Perseus ze kucken. Allerdéngs hëlleft et ze wëssen, wéi héicht d’Konstellatioun um Himmel steet. Si wandert wärend der Nuecht a wat se méi héich steet, wat ee méi Stäreschnäize gesäit. D’Konstellatioun erreecht hiren héchste Punkt an de fréie Moiesstonnen – dat ass dann och de beschte Moment fir ze kucken, just éier et hell gëtt. Deen Ament stéiert och kee Moundliicht méi, well den Hallefmound, dee mir grad hunn, geet kuerz no Mëtternuecht schonn ënner.

D’Perseide sinn och nom Héichpunkt nach bis de 24. August ze gesinn.

Auteuren: Lilia Hassouna & Michèle Weber (FNR)
Editeur : Michèle Weber (FNR)
Merci dem Lisa Krämer-Ruggiu fir zousätzlech Explikatiounen zu der Zesummesetzung vum Swift-Tuttle Koméit.

Infobox

Aussi dans cette rubrique

(On)endlech Wäit? Wësse mir elo endlech ob den Universum onendlech ass?

Wéi grouss ass eigentlech den Universum? Ass e villäicht souguer onendlech? A wéi eng Iddie ginn et iwwerhaapt zur Gestalt vum Weltall?

FNR
Mimetismus an Tarnung Firwat kënne verschidden Déieren hir Faarf änneren?

Mr. Science, firwat kënnen Déieren ewéi Chamäleonen, Séipäerdercher oder Tëntefësch hir Faarf änneren? Bréngt dat hinnen iergendeng Virdeeler?

FNR
Menstruatioun Firwat hu Frae Péng, wa se hir Reegel hunn?

Fir munch Fraen ass et all Mount dat selwecht: Wa se hir Reegel hunn, hu se esou wéi, dass se bal net kapabel sinn, eppes ze ënnerhuelen. Wouhier kënnt eigentlech dës Péng?

FNR