Am Pisa Summerchallenge vun dësem Joer bauen de Joseph Rodesch alias Mr Science an den Olivier Catani sech en U-Boot, respektiv eng Zort Tauchklack, aus enger aler Buedbidden. A probéieren domadder duerch de Baggerweier zu Rëmerschen ze fueren. Op dat geklappt huet, gëss Du am Video gewuer!
Am Reportage ginn och e puer kleng Experimenter gewisen, déi een op science.lu respektiv um TikTok-Kanal vu science.lu fënnt:
@science.lu Keep a candle burning underwater 🌊🕯 #sciencefacts #learnontiktok #candle #underwater #scienceexperiments #luxembourg #fypage #happyplace ♬ Send Me on My Way - Guy Meets Girl
D'Experiment mat der Buedbidden soll een allerdéngs doheem net nomaachen! De Joseph an den Olivier goufe bei dësem Experiment gutt encadréiert a protegéiert vum Sub Aqua Club Woltz an de Rettungstaucher vum CGDIS.
Auteur: Olivier Catani & Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Diffusiounsdatum: 28.09.2025
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu