Haut féiert de Planéit Mars op eng gewëssen Aart a Weis Gebuertsdag ! Haut virun Joer 48 Joer sinn déi éischt Fotoe vum roude Planéit gemaach ginn.

Schonn am November 64 huet d’Raumsonde Mariner 4 seng Rees ugefaang. Hir Aufgab war et, fir laanscht de Mars ze fléien, e puer Fotoen ze maachen an se zréck op d’Äerd ze schécken. Donieft stoungen och nach aner wëssenschaftlech Missiounen um Programm, wéi zum Beispill Miessunge vum Weltall grad esou wéi technesch an technologesch Tester fir esou laang Weltallreesen ze erméiglechen.

8 Méint méi spéit war et esou wäit: 22 schwaarzwäiss Fotoe vu schlechter Qualitéit sinn op der Äerd ukomm ! Op de Foto mengt ee bal, de Mars géif dem Mount mat senge ville Kratere gläichen. E risege Succès also ! Fir deemools opmannst. An der Tëschenzäit schéckt der Nasa hire Mars Rover lacker em déi dausend Fotoe vu beschter Qualitéit! A wéi sech erausgestallt huet, huet dem Mars seng Uewerfläch och net wierklech vill mam Mount gemeinsam !

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR
Eng Paus mam Iessen Ass Intervallfaaschte gesond?

Intervallfaaschte soll gesond sinn a schlank maachen. Awer lount et sech wierklech z. B. op d'Iessen owes ze verzichten? Fir verschidde Leit schonn, seet de Mr. Science.

FNR