RTL, FNR

D’Sproochwëssenschaftler sinn sech eens, den Accent dee mir hunn ass déif mat eiser Perséinlechkeet verwuerzelt. Mir kréien en quasi an d’Wéi geluecht. En Accent si Lauter a Melodien, déi mir vun eisem enksten Ëmfeld schonn a ganz jonkem Alter iwwerhuelen, an dat schonn ier mir schwätze kënnen.

En Accent verréit vill iwwert eis Originnen, well all Regioun liicht aner Gewunnechten am schwätzen huet. Et ass guer net einfach fir säi gewinnten Accent ofzeleeën. Mee dat muss een och net. Am Contraire gëtt en Accent meeschtens als eppes Schéines an Interessantes wouer geholl. A Castinge fir Film an Theater sinn Accente mëttlerweil dacks erwënscht well se engem Personnage méi Charakter ginn.

De Mister Science test wéi liicht Testkandidaten e Lëtzebuerger Accent am Däitschen erkennen, a kuckt mat enger Lëtzebuerger Fuerscherin wéi eng Sazmelodie typesch fir Lëtzebuerger ass, a wéi déi sech vun deenen Däitschen ënnerscheet. An engem Crashcour an der Dictioun probéiert hien ee Saz op perfekt däitsch ze soen - ob him dat geléngt … ?

Merci’en: Danièle Gaspart, Judith Manzoni
Auteur: Joseph Rodesch
Produktioun: RTL
Diffusioun: 24.3.19

Infobox

Aussi intéréssant

« Schnëssen » pour la science Des chercheurs collectent des données sur la langue nationale au moyen d’une application mobile

Quelles sont les variantes locales du luxembourgeois dans le pays ? Pour répondre à cette question, l’Université de Luxe...

Logiciel de synthèse vocale Des ordinateurs parlent désormais le luxembourgeois pour aider les personnes atteintes de cécité ou dyslexie

Un peu d'allemand et de français ici et là : des chercheurs de Luxembourg et de Sarrebruck développent un logiciel doté...

L’importance du luxembourgeois Une évolution importante à l’ère des médias sociaux.

La langue luxembourgeoise est-elle menacée d'extinction ? Absolument pas ! Au contraire, d'après Peter Gilles, professe...

Aussi dans cette rubrique

Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR