(C) Shotshop
D’Méisproochegkeet ass eng Aart Gehirtraining, dëst och nach am Alter.
D’Gehir ass en „plastescht“ Organ, dat heescht, datt et sech duerch de Gebrauch verännere kann. Obwuel dat beim Erwuessenen net méi grad sou liicht geet wéi bei engem klenge Kand, behält d’Gehir iwwert d’ganzt Liewen eng gewësse „Plastizitéit“. Wat kanadesch a lëtzebuergesch Studie weisen, ass, datt och erwuesse Leit, déi méi wéi eng Sprooch an hirem Ëmfeld benotzen, wichteg Virdeeler an den Exekutivfunktiounen hunn.
Wat sinn d’Exekutivfunktiounen?
D’Exekutivfunktiounen sinn eng Aart Kommandosystem am Gehir, dat eis hëlleft, eist Verhalen an Denken zilgerecht ze steieren. D’Gehir brauch d’Exekutivfunktiounen, fir kënnen op dat opzepassen, wat relevant ass - an onwichteg Informatiounen auszeblenden, fir esou nei Problemer kënne schnell an effizient ze léisen. An der Schoul hëllefen d’Exekutivfunktiounen, fir gutt ze léieren. Kanner mat sougenannten „spezifesche Léier-schwieregkeeten“ hunn dacks Problemer mat hiren Exekutivfunktiounen. Besonnesch bei Kanner mat engem Opmierksamkeetsdefizit / enger Hyperaktivitéitstéierung (ADHS) schaffen d’Exekutivfunktiounen net sou gutt wéi bei Kanner ouni dës Stéierung. Dëst féiert derzou, datt sech dës Kanner kënnen impulsiv behuelen an sech nëmme schwéier konzentréiert kréien, well de „Filter“ am Gehir, deen déi relevant vun den onwichtege Saachen trennt, net richteg funktionéiert.
Méisproochegkeet an Alzheimer
Ganz nei Etudë weisen, datt sech déi klinesch Symptomer vun Alzheimer bei méisproochege Leit am Duerchschnëtt véier bis fënnef Joer méi spéit weise wéi bei Leit, déi nëmmen eng Sprooch benotzen. Et gëtt dervun ausgaang, datt d’Gehir duerch den „Training“, deen et duerch d’Méisproochegkeet kritt, eng „kognitiv Reserve“ an den Exekutivfunktiounen opbaut. Op déi kënne méisproocheg Leit dann zeréckgräifen, wa Problemer mam Gediechtnes, bedéngt duerch Alzheimer, optauchen. Gediechtnesproblemer kënne méisproocheg Leit also duerch hir gutt Exekutivfunktioune kompenséieren, sou datt d’Symptomer vun Alzheimer méi spéit opfalen, obwuel hiert Gehir eigentlech gläich vill vun Alzheimer befall ass, wéi dat vu monolinguale Leit.
Auteuren/Kontakt: LEARN
Photo © Shotshop.com
Infobox
LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.
Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET
Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET
ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden