© Shotshop.com

LEARN erklärt eis wat eng spezifesch Sproochentwécklungsstéierung (SSES) as, wéi se diagnostizéiert gëtt a wat d’Ursaach kéint sinn.

Eng spezifesch Sproochentwécklungsstéierung (SSES) oder Entwécklungsdysphasie ass eng unhalend Stéierung vun der Sprooch, déi d’Ausdrécken an d’Verstoe vu Geschwatenem erschwéiert.

Eng SSES ass net op e Mangel u sproochlecher Stimulatioun, Méisproochegkeet, e Problem mam Héieren oder vun der Intelligenz zeréckzeféieren. Den Ausdrock “spezifesch” soll däitlech maachen, dass et sech ëm eng Stéierung handelt déi gréisstendeels d’Sprooch betrëfft, währenddeems aner kognitiv Beräicher scheinbar net betraff sinn.

D‘Diagnos vun enger SSES bei engem méisproochege Kand

Den Haaptcritère fir eng SSES-Diagnos ass eng Diskrepanz tëschent engem Kand sengem nonverbalen (net sproochlechen) IQ a senge Resultater a sproochlechen Tester.

Ginn et Tester, fir SSES bei engem méisproochege Kand ze evaluéieren?

Adequat Tester, fir déi sproochlech Fähegkeet vun engem méisproochege Kand ze evaluéieren, ginn et awer leider bis ewell keng, wat d‘Diagnos vun enger SSES an engem méisproochege Kontext wéi zu Lëtzebuerg schwiereg mécht. Et ass bis elo bal onméiglech fir e kognitive Sproochdefizit (eng SSES) vun enger Sproochdifferenz bedéngt duerch een Immigratiounshannergrond z’ënnerscheeden. An eiser Fuerschung probéiere mir klinesch Markeren ze fannen, déi den Therapeute kënnen hëllefen, dësen Ënnerscheed ze maachen.

Eis Studie weisen: Zuelen nosoe kéint e gudden Test sinn fir SSES ze diagnostizéieren

Eis Studie mat portugiseschen Immigrantekanner zu Lëtzebuerg weisen, dass Kanner ouni eng SSES-Diagnos a sproochlechen Tester am Lëtzebuergeschen an am Portugisesche bei wäitem manner gutt ofschneide wéi Kanner, déi doheem Lëtzebuergesch schwätzen an och monolingual Kanner aus Portugal.

Mir hunn och aner kognitiv Beräicher evaluéiert an hunn erausfonnt, dass besonnesch am Test „Zuelen nosoen“ déi portugisesch Immigrantekanner d’selwecht gutt ofschneiden, wéi monolingual lëtzebuergesch a portugisesch Kanner. Kanner mat enger diagnostizéierter SSES haten awer a genee dësem Test bei wäitem méi schlecht Resultater.

D’Zuelen nosoen – een Test vum verbalen Aarbechtsgediechtnes – ass also e potentiell gudden Test fir erauszefannen, op niddereg Resultater a Sproochtester op eng SSES oder eng Immigratiouns-problematik zeréckzeféiere sinn.

Problemer an den Exekutivfunktiounen – Ursaach fir eng SSES?

D’Exekutivfunktioune benotze mir fir eist Denken, eist Verhalen an eis Emotiounen zilgerecht ze steieren. Et handelt sech ëm eng Unzuel vu mentale Prozesser an ëmfaasst ënner anerem d’Aarbechtsgediechtnes, d’abstrakt Denken, d’Inhibitioun, de Switching…

Verschidde Fuerschungsaarbeschten deiten dorop hin, dass eng SSES op ee generelle Problem an den Exekutivfunktiounen zeréckzeféieren ass. Mir hunn dës Hypotheese getest an d’Performance vu Kanner mat enger SSES Diagnos, déi am Centre de Logopédie an d’Schoul gi, mat där vu Kanner ouni eng SSES, aus der Regelschoul, verglach. D’Kanner goufen an enger ganzer Rei vun Exekutivfunktiounen evaluéiert.

D’Resultater hu kloer gewisen, dass d’Kanner mat enger SSES ausschliisslech an dem Beräich vum verbalen Aarbechtsgediechtnes Problemer haten, net awer an aneren Tester vun den Exekutivfunktiounen.

Dës Fuerschung weist, dass eng SSES net op eng generell Stéierung an den Exekutivfunktiounen zeréckzeféieren ass, mee éischter op e spezifesche Problem am Beräich vum verbalen Aarbechtsgediechtnes.

Auteur/Kontakt: Pascale Engel de Abreu
Photo © Shotshop.com

Infobox

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Zum Auteur

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu : Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS. D’Pascale intresséiert sech fir d’Entwécklung vun der Sprooch, d’Ursaachen an d’Diagnos vu spezifesche Sproochentwécklungsstéierungen an Dyslexie, an d’Roll vun den Exekutivfunktiounen/ Aarbechtsgediechtnes beim Léieren.

Matarbeschter

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

Waat ass EMACS ?

EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaft...

Familie und Beruf Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin

Welche Auswirkungen hatten Änderungen in der Elternurlaubspolitik? Und wie sieht der Elternurlaub in Luxemburg im Vergle...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

SCIENCE CHECK Entwicklung der Armut in Luxemburg

Fast jede fünfte Person in Luxemburg ist arm, obwohl das Land zu jenen mit den höchsten Pro-Kopf-Einkommen zählt. Wie entwickelt sich die Armut hier und in Europa, und welche Auswirkungen hat sie?

Pauvreté „Wohlstand wird nicht automatisch nach unten weitergegeben“

Um das Phänomen der Armut zu erfassen, braucht es mehrere Definitionen. Und es zu bekämpfen, erfordert gezielte steuer- und sozialpolitische Maßnahmen, so Philippe Van Kerm (Universität Luxemburg).

Fast Forward Science
Fast Forward Science Der Multimedia Wettbewerb startet in eine neue Runde

Leidenschaft für Forschung, innovative Multimedia-Formate und Kommunikation? Dann mach beim Fast Forward Science Wettbewerb mit! Reiche deinen Multimedia-Beitrag noch bis zum 30. April 2025 ein.

FNR
Meisterwerk in der Nationalbibliothek Eine tausend Jahre alte Riesenbibel kehrt heim

Die Luxemburger Nationalbibliothek hat ein wertvolles historisches Kulturerbe aus dem frühen Mittelalter erworben: eine reich illustrierte Riesenbibel, die vermutlich zwischen 1080 und 1085 entstand....

BnL