(c) Orrling and Tomer S

D’Zuele schwanken zwar vill, mee en amerikanesche Fuerscher huet gerechent, dass mer 1 bis 2 g Hautzellen den Dag verléieren! Wann’s de 80 Joer al gëss, da läppert dat sech op 30 bis 60 Kilo zesummen!

Firwat verléiere mer dann esouvill Hautzellen?

Et ass eis Haut, déi eise Kierper zesummen hält a verhënnert, dass en deshydratéiert! An se schützt eis och virun externe Bedrohungen, wéi zum Beispill viru Bakterien, Viren a Parasiten an awer och viru Verletzungen. Déi iewescht Schicht vun der Haut gëtt also vill ugegraff an notzt séier of. Fir kee Risiko anzegoen, gëtt déi Schicht dofir all 2-4 Woche ganz mat neien Zellen ersat! Déi al, ofgenotzten Zelle falen erof a sammelen sech mam Stëbs un. An dat kann esouguer ganz praktesch sinn! Eng Rei Studie weisen nämlech dorop hin, dass ofgestuerwen Hautzellen d’Loftqualitéit an den Haiser kenne verbesseren! Op den Hautzelle sinn nämlech Fetter drop, an eent dovun, de Squalen, reagéiert mam Ozon. An esou kennen d’Hautzellen d’Quantitéit vum schiedlechem Ozon an den Haiser reduzéieren!

Dann hunn ech awer elo eng schwéier Entscheedung viru mer: Stëbsallergie riskéieren oder d’Loftqualitéit verbesseren!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Orrling and Tomer S
 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Aussi dans cette rubrique

Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR