(c) Wikipedia

Trotz Computere verbrauche mer nach ëmmer vill méi Pabeier, wéi fir eis Ëmwelt gutt wier. Bal all zweete Bam gëtt fir d’Produktioun vu Pabeier oder Kartonge gefält. Elo gëtt Pabeier aus Steng als ëmweltfrëndlech Léisung ugehimmelt.

Wéi soll dat da funktionéieren?

Dofir gëtt Kalleksteen zermuelen, däers gëtt et genuch, a mat Plastik zu pabeieraartege Blieder verschafft. Dëse sougenannte Steenpabeier ass méi glat wéi normale Pabeier, et kann een awer genee sou gutt drop schreiwen. Ausserdeem kann ee Kaffi driwwer verschëdden, ouni dass d’Schrëft verleeft.

Dat klengt praktesch. Awer Pabeier aus Plastik, dat soll ëmweltfrëndlech sinn?

Dëse Steenpabeier huet nëmmen em déi 20 Prozent Plastik Undeel, de Rescht ass Steenmiel. Dovu stécht och an normalem Pabeier schonn eng uerdentlech Quantitéit, well Steenmiel ass méi bëlleg wéi Holzfaseren aus deenen normalerweis Pabeier gemaach gëtt. Dofir si Pabeieringenieuren op d’Iddi komm, dëse Steenmiel Undeel ze erhéijen. Si hunn dunn awer missen op Plastik ëmsteigen, fir dass alles verpescht. Plastik klengt am éischten Ablack net sou ëmweltfrëndlech, mee et mussen heifir awer keng Bëscher ofgeholzt ginn an am Verglach zu der klassescher Pabeierproduktioun fält vill manner CO2 a keng Onmassen u knaschtegem Waasser un. An e verbrennt ouni déi schwarz Ruusréckstänn.

Wier recycléieren amplaz verbrennen net besser?

Op alle Fall me dat ass de schwaache Punkt bei dësem neie Pabeier. D‘Recycléieren am grousse Stil funktionéiert nämlech bis elo nach net. Do ass ee bei normalem Pabeier scho vill méi wäit! Beim Recycling vum Holzpabeier ginn d’Faseren awer all Kéiers méi kuerz, dofir muss een trotzdem ëmmer rëm frësch Faseren aus Holz dobäi ginn.

Säit wéini gëtt d’Pabeier eigentlech aus Holzfaser gemaach?

Bis an d’19. Jorhonnert era gouf Pabeier aus Lompen, also aus aler Kleedung gemaach. Dës gouf heifir zerschnidden an zerriwwe fir dann aus dem Faserbräi Pabeier maachen ze kennen. Et gouf awer net genuch Lompen, wéi ëmmer méi Bicher gedréckt si ginn. D’Fuerscher hunn dech dunn de Kapp zerbrach, wourauser ee soss nach kéint Pabeier maachen an hunn sech d’Harespelen als Virbild geholl. Se hunn nämlech observéiert dass si Holz zerknaen an doraus en Pabeierähnleche Stoff fir hier Näschter produzéieren. Dat hunn d’Pabeieringenieuren dunn am grousse Stil nogemaach an dat modernt Rezept fir Pabeier war gebuer.

Vun Harespelen ofgekuckt, wien hätt dat geduecht!

Jo. Fuerscher kucken sech d’Natur ëmmer rëm genee un, fir op nei Iddien ze kommen!

 

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur : Sophie Steinmetz

Photo: Wikipedia

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Des Emissioun gouf den 10.09.2015 ausgestrahlt. 

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR