(c) shotshop.com

Op Moies fir op d’Schaff oder während dem Kachen. De Radio ass iwwerall!  Mee hutt der eng Ahnung wéi vill Fuerschung hannert dem Radio stécht?

Majo fir dass dee Radio konnt erfonnt ginn, hunn eng rei Wëssenschaftler missen uerdentlech Viraarbecht leeschten. D’elektromagnéitesch Well huet z.B. missen entdeckt ginn.

Ah also d’Radioswellen?

Jo z.B.! Ier et de Radio gouf, huet ee missen eng Noriicht an d’Zeitung drécke loossen wann ee vill Leit ereeche wollt. D’Méiglechkeet fir ze Telefonéieren gouf et zwar schonn, wann dann Leitungen louchen, mee do huet een och ëmmer nëmme just eng Persoun ereecht. Dat huet alles ze vill Zäit an Usproch geholl. Et huet eppes missen hier wat séier an direkt ass. An do kennt elo eis elektromagnéitesch Well an d’Spill! D’Fuerscher hu gemierkt dass ee mat dëser Well Informatioune kann iwwerdroen.

An wei funktionéiert dat?

Ma am Studio gi Stëmmen, also Schallwellen opgeholl. Déi ginn an elektresch Signaler ëmgewandelt an duerno als Radiowellen, wat elektromagnéitesch Welle sinn, iwwert eng Antenn ausgestrahlt.  Mat der Antenn um Radio empfänke mir dës dann. Lo geet et an déi ëmgedréinte Richtung. D'Radiowelle ginn an elektresch Signaler zreckgewandelt déi iwwert d'Boxen als Schallwellen an eist Ouer kommen.

Puh! Mee dat heescht et konnt een direkt Stemmen a Musik iwwerdroen?

Neen! Ganz an Ufank, ass just Morse iwwerdroe ginn. Den Italiener Guglielmo Marconi huet déi éischte Kéier 9m wäit gemorst, fir seng Pionéieraarbecht krut en 1909 souguer den Nobelpräis.

Jo mee aus engem Radio kennt jo Musik a Stemme raus a keng Morse!

Fir kennen Toun amplaz Morse ze senden hu misse besser Apparater gebaut ginn. 1906 ass Chrëschtdag déi éischt Radiossendung ausgestrahlt ginn. 15 Minutte laang Geiemusik an eng Geschicht aus der Bibel. 

Ajo an déi éischt Sendung vum Radio Lëtzebuerg ass 1933 ausgestrahlt ginn!

Wanns du dat sees!

An wie gesäit et hautdesdaags em de Radio aus?

Mëttlerweil huet den Internet de Radio als “schnellste Medium” iwwerholl. Ëmmer manner Leit hunn nach en Radio. Musik gëtt am Internet gelauschtert an dofir si vill Radiosendere mat Podcasten, Livestreamen an Noriichten och am Netz present!

Oh ech hoffen dat se en an Zukunft nach lauschteren. Mee dat heescht d’Fuerschung geet nach ëmmer weider?

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz 
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR